Industriezon zu IechternachDen Ierfgroussherzog an de Minister Fayot op Visitt bei der Firma Cosmolux

Diana Hoffmann
Bis 2030 wëll Cosmolux International SA, déi kosmeetesch an hygienesch Produiten hierstellt, expandéieren an dofir 65 Milliounen Euro investéieren.
Op Visitt bei der Firma Cosmolux
Bis 2030 wëll Cosmolux International SA, déi kosmeetesch an hygienesch Produiten hierstellt, expandéieren an dofir 65 Milliounen Euro investéieren.

An deem Kader kruten den Ierfgroussherzog an de Wirtschaftsminister Franz Fayot en Donneschdeg d'Strategie vu Cosmolux International SA fir hir Expansioun hei am Land presentéiert. D'Firma ass zanter 2001 zu Iechternach etabléiert.

Cosmolux/Reportage Diana Hoffmann

An den nächste knapp 10 Joer, also bis 2030 baut déi dätsch Maxim Group hir dräi Filialen zu Iechternach an der Industriezon aus. Dofir gi 65 Milliounen Euro investéiert, an et wäerten 270 nei Aarbechtsplaze fir ganz ënnerschiddlech Qualifikatioune geschaaft ginn. Besonnesch de Beräich Logistik gëtt vergréissert.

PDF: Presentatioun vun der Expansioun bis 2030

Back to Top
CIM LOGO