
Eng zolidd Performance op engem Marché am permanente Wandel. Sou beschreiwen déi Responsabel vum Energie-Grupp Encevo déi eegen Zuele vun zejoert. Et wier vill investéiert ginn an et soll weider verstäerkt op erneierbar Energië gesat ginn, esou den Tenor op der Pressekonferenz, déi wéinst der Corona-Kris virtuell war.
A genee déi Corona-Kris dréckt natierlech och op d'Previsiounen. D'Mammenhaus vum Energieliwwerant Enovos a vum Distributeur Creos geet allzäit dovunner aus, datt déi aktuell Pandemie d'Energiemäert negativ beaflosse wäert.
De Bléck zeréck op 2019 fält bei Encevo dogéint éischter positiv aus, seet de President vum Conseil, Marco Hoffmann.
Mir hunn en Netto-Resultat vu 67,9 Millioune gemaach, am Verglach mat 63,9 Milliounen dat Joer virdrun.
Beim operative Resultat louch ee mat 212 Millioune liicht ënnert dem Chiffer vun 2018. Beim Volume fir Stroum an Äerdgas läit een um Niveau vum Joer virdrun, esou de Claude Seywert, Generaldirekter vun Encevo
Am Ganze liwwere mir 13,1 Terawattstonne Stroum, 4,6 zu Lëtzebuerg, 7 an Däitschland an 1,2 a Frankräich an dann nach bësse Belsch. Beim Gas liwwere mer 25,7 Terwattstonnen.
Den Energieverbrauch am Creos-Netz war 2019 och änlech wéi 2018. Zejoert wier vill investéiert ginn, heescht et weider vum Energiegrupp. Eleng bei der Creos wieren et 147 Millioune gewiescht. De Reseau géing och moderniséiert ginn, onofhängeg dovunner, op Google en Datazenter zu Biissen géing bauen, esou den Direkter vu Creos Marc Reiffers.
Op Basis vun enger finaler Decisioun kéint den eenzegen Impakt dee sinn, datt d'Saache bësse méi séier géinge goen.
All déi Renforcementer, déi gemaach ginn, sinn en ligne mam Entwécklungsplang.
Da solle bei Encevo déi erneierbar Energië weider ausgebaut ginn, et wieren notamment eng Rei Photovoltaik-Projeten zu Lëtzebuerg geplangt. Op där aner Säit klëmmt de Grupp weider aus dem Biogas eraus, net, well dee keng Zukunft hätt, mä well ee fir déi praktesch Gestioun net optimal opgestallt wier.