Secteuren am IwwerbléckDen Effet vun der Pandemie op de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart

Annick Goerens
Wéi huet sech den Taux de croissance vu Mäerz 2020 bis Februar 2021 mat Bléck op d'Period Mäerz 2019 bis Februar 2020 verännert?

Zanter Joren huet sech de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart duerch e staarke Wuesstem beim Schafe vun neien Aarbechtsplaze charakteriséiert, mat all Joers iwwer 4%. An de leschte Méint ass den Taux awer däitlech zeréckgaangen, besonnesch fir Salariéen, déi am Interim schaffen, ma och bei Independanten a Salariéen am Allgemenge gekuckt.

Effet Pandemie Aarbechtsmaart / Rep. Annick Goerens

Normalerweis ginn d'Croissance-Tauxen op 1 Joer gerechent, mä fir den Effet vun der sanitärer Kris op den Aarbechtsmarché z'analyséieren, goufen d'Period vu Mäerz 2020 bis Februar 2021, wou d'Aarbecht just ëm 1,4% geklommen ass, mat där vu Mäerz 2019 bis Februar 2020 verglach, wou d'Aarbecht ëm 3,6% an d'Luucht gaangen ass. Dëse Réckgang gesäit awer net an allen Aktivitéitssecteuren d'nämmlecht aus, wéi den Coordinateur Tom Oswald am Numm vum Aarbechtsminister op déi parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Di Bartolomeo an Engel äntwert.

Am Beräich vun der Agrikultur* (2,5% vs. 3,4%) an der Administration publique (4,0% vs. 6,6%) goufe wärend der Kris souguer méi Aarbechtsplaze geschaaft wéi nach virun der Pandemie.

Am zweete Grupp fënnt een d'Secteure Bau (3,8% vs. 3,6%), Santé a Soziales (4,8% vs. 3,8%) a spezialiséiert wëssenschaftlech an technesch Aktivitéiten (5,9% vs. 5,0%). Do gesäit een zwar e liichte Réckgang vum Emploi, ma den Taux bleift nach positiv, deemno kommen d'Entreprisen do besser duerch d'Kris.

Am drëtte Grupp war d'Kreatioun vun neien Aarbechtsplazen däitlech méi lues wéi an der Moyenne, ma den Taux de croissance bleift positiv. Dovu concernéiert sinn engersäits den Transport an Entreposage (3,6% vs. 0,5 %) an anerersäits Finanzaktivitéiten an Assurancen (2,4% vs 0,1%).

Am véierten a leschte Grupp fält den Taux de croissance an d'Negatiivt, wat heescht, dass däitlech manner Aarbechtsplaze wärend der Pandemie geschaaft goufe wéi nach virdrun. Dozou gehéieren d'Produktiounsindustrie (0,03% vs. -1,2%), de Commerce (4,3% vs. -1,0%), denHebergement an d'Restauratioun (2,8% vs. -2,0%) an d'Informatioun an d'Kommunikatioun (2,9% vs. -1,5%).

Dat ass also generell gekuckt all d'Employéen.

Wann een awer e méi spezifesche Bléck op den Aarbechtsmaart werft, gesäit een, dass et d'Interimsaarbechter sinn, déi am meeschte vun dëser Pandemie betraff sinn, mat engem Réckgang vun 22,1% vun der aktiver Populatioun.

D'Independanten dogéint si manner concernéiert mat engem Réckgang vun 1,3 Prozent.

De Réckgang bei den Aarbechtsplazen huet natierlech och Konsequenzen op d'Kotisatiounen, ma awer däitlech manner, well och d'Salairen den 1. Januar 2020 ëm 2,5% gehéicht goufen an 2019 guer net.

Alles an allem suergt dëse forcéierte "Slow down" vum Aarbechtsmaart dofir, dass d'Recetten duerch d'cotisations sociales ëm 139 Milliounen Euro erofginn (wann een der Acceleratioun vum Chômage Rechnung dréit).

*A Klammere stinn d'taux de croissance 2018-2019 vs. taux de croissance 2019-2020.

Back to Top
CIM LOGO