
En Dënschdeg haten den OGBL, den LCGB an d'CGFP an engem gemeinsame Communiqué d'Regierung zum Sozialdialog opgefuerdert. Déi dräi grouss representativ Gewerkschafte stéiere sech dorun, datt Mesurë wéi d'Aarbechtszäitverlängerung ouni Concertatioun mat de Sozialpartner verlängert gouf an datt si bei wichtege Projete wéi dem Epidemieschutzgesetz net fir hir Meenung gefrot goufen. D'Gewerkschafte misste beim Ausschaffe vun enger Exit-Strategie mat agebonne ginn.
No där Entrevue ass och eng Reunioun tëscht der Regierung an dem Patronat um 16 Auer geplangt.
