
D'Police ass op der Sich nom Aldo Iamandi, dee wéinst versichtem Mord de 24. November zejoert zu Réimech gesicht gëtt. De presuméierten Täter hat mat enger Waff op eng Persoun geschoss an dës schwéier blesséiert. Zanterhier ass de Mann verschwonnen.
Den Aldo Iamandi gëtt zanter dem 11. Februar via europäeschen an internationalen Haftbefeel gesicht. Et gëtt iwwerdeems gewarnt, dass de Mann nach ëmmer kéint eng Waff bei sech un. All d'Informatiounen an deem Kontext si fir d'Police.