OGBL/ADESPDem Bierger säi Recht op Sécherheet setzt gerecht funktionéierend Police viraus

RTL Lëtzebuerg
Den OGBL huet e Freideg e Communiqué nom Tëschefall mat der privater Sécherheetsfirma op der Stater Gare publizéiert.
© RTL Archivbild

D'ADEPS, dat ass d'Associatioun déi d'Polizisten, vertrëtt déi, déi e Secondairesdiplom hunn, zielt am Communiqué eng ganz Rei Mëssstänn am Policecorps op, déi dofir suerge géifen, datt Beamten an de leschte Joren ëmmer méi op d'Schinn vum "Déngscht no Virschrëft" géife kommen well se hiren initialen Idealismus verluer hunn.

D'Polizisten, déi am Déngscht hir Waff zéie mussen oder blesséiert ginn, géife weder vun der Direktioun de Réck gestäipt kréien, nach vun interne Servicer gehollef kréien. Poliziste mat enger gewëssener Beruffserfarung géifen et also evitéieren, iwwerhaapt an esou eng Situatioun ze kommen. Donieft géif déi laang versprachen Unerkennung a Karriärsopwäertung nach ëmmer op sech waarde loossen, et géifen drastesch Ënnerscheeder bei de Pensioune ginn an d'Opstigschancen an der Police wiere begrenzt. D'ADEPS erënnert och nach emol un déi Recoursen, déi um Verwaltungsgeriicht géint d'Policereform vun 2018 agereecht goufen. Well d'Urteeler awer réischt d'nächst Joer gesprach ginn, géifen déi zoustänneg Ministere weider passiv bleiwen.

PDF: Schreiwes vun OGBL/ADESP

Back to Top
CIM LOGO