
Och d'Personal vun der Gesondheetskeess ass an den aktuelle Pandemie-Zäite mat méi Demandë wéi soss konfrontéiert. Aktuell kommen den Dag bei der CNS am Departement vun de Naturalleeschtungen an der Moyenne iwwer 18.000Remboursement-Demanden eran, déi mussen traitéiert ginn. Virun der Covid-Kris waren dat an der Moyenne den Dag eng 4.000 Demandë manner.
Duerch méi Remboursement-Demanden, mä och méi laang Krankeschäiner beim CNS-Personal, dauert et aktuell bis zu 2 Méint, bis datt d'Doktesch a medezinesch Fraisen zeréckbezuelt ginn.
Aktuell ass ee bei der CNS awer amgaangen, sech intern nei z'organiséieren, fir d'Retarden opzehuelen. Dozou zielt och en elektronesche System, deen d'Rechnungen optesch ka liesen an erfaassen.
Fir d'Assuréë steet e Liichtbléck a puncto Zäitopwand a Waarden an d'Haus. An Zukunft sollen d'Honorairen, Ordonnancen a Krankeschäiner nämlech iwwert eng nei App vun der CNS kënne geréiert ginn. Wann d'Facture iwwer 100 Euro héich ass, kënnen d'CNS-Clienten och mat engem Scheck rembourséiert ginn.
All dës Informatioune liwwert de Sozialminister Romain Schneider op Basis vu parlamentaresche Froe vun den Deputéierten Di Bartolomeo (LSAP) an Engelen (ADR).