Fir d’Organisateure steet fest, dass Veganismus déi eenzeg Léisung fir den Déiereschutz ass.
500 Participanten aus iwwer 40 verschiddene Länner kommen dëse Weekend an der Kulturfabrik zesummen. Gebuede ginn hei Workshops, Diskussiounsronnen a Virféierunge vun Dokumentarfilmer. D'Konferenz dréit sech ëm een zentralen Aspekt: d'Déiere gehéieren net op den Teller, esou d’Organisatrice vun der International Animal Rights Conference Fabienne Origer:
Also et ass och wichteg, den Ënnerscheed ze maachen, tëscht Déiererechtler an Déiereschützer. Zum Beispill geet et beim Déiereschutz dorëms, d’Bedingunge vun der Déierenhaltung ze verbesseren an d’Déiererechtler soen, d’Déieren hunn am Allgemengen e Recht op Liewen, e Recht op Fräiheet, e Recht fir net kierperlech mësshandelt ze ginn. An wann ee sech als Déiererechtler gesäit, muss ee wierklech vegan liewen, well et kann een net A soen an net B.
Nieft de ville Virträg ass och den internationale Kader besonnesch wichteg fir d’Participanten.
Ma och den Ëmweltschutz spillt op der Konferenz eng grouss Roll. A fir, dass d‘Participantë fir d’Konferenz net vu wäitem mam Fliger ureese mussen, soll d’International Animal Rights Conference an Zukunft e bëssen anescht ausgesinn.
Mir sinn am Gaang, z'iwwerleeën, fir dës Konferenz hei net nëmmen a Lëtzebuerg ze maachen, mä op verschiddene Kontinenten, dass d’Leit kënnen aus der Regioun do zesummekommen an dass mer méi op Internetaccès zeréckgräifen, dass mer zum Beispill live Presentatioune fräischalten, dass d’Leit hei zu Lëtzebuerg kënne gesinn, wat zu Shanghai geschitt. Dass mer dat da just um Ecran gesinn, esou d'Fabienne Origer.
Och fir d’Speaker wier d’Urees da manner laang. Ronn 50 Spriecher a Spriecherinnen halen op dëser 9. Editioun vun der Konferenz hir Virträg.