Fondation "Maison de la Porte Ouverte"Déi nei Raimlechkeete vum Foyer Saint Joseph goufen ageweit

RTL Lëtzebuerg
Eng Ekipp, déi ënnert anerem aus Psychologen a Pedagogen besteet, hëlleft, déi perséinlech a soziale Kompetenze vun de Jonken nach méi ze fërderen.
Déi nei Raimlechkeete vum Foyer Saint Joseph goufen ageweit
Eng Ekipp, déi ënnert anerem aus Psychologen a Pedagogen besteet, hëlleft, déi perséinlech a soziale Kompetenze vun de Jonken nach méi ze fërderen.

Zu Eech goufen de 26. Februar déi nei Raimlechkeete vum Foyer Saint Joseph ageweit. An dëse gi Jongen tëscht 13 an 18 Joer betreit a besser ënnerstëtzt. De Gros vun hinne goufe vum Gericht placéiert. De Foyer gehéiert der Fondatioun Maison de la Porte Ouverte.

D’Fondatioun Maison de la Porte Ouverte huet viru kuerzem 32 Jonker an engem neie Foyer zu Eech opgeholl an hinnen eng zousätzlech Méiglechkeet geschaaft, fir se nach besser z’ënnerstëtzen. De Gros vun hinne gouf vum Gericht placéiert. Et handelt sech ëm Jonker, déi aus diverse Grënn net méi kënnen doheem bleiwen.

Hei kréien ebe Jongen am Alter tëscht 10 an 18 Joer eng Protektioun, Betreiung an een Encadrement ugebueden.

Eng Ekipp, déi ënnert anerem aus Psychologen a Pedagoge besteet, hëlleft, och déi perséinlech a sozial Kompetenze vun de Jonken nach méi ze fërderen.

Zënter 50 Joer setzt sech d’Fondatioun Maison de la Porte Ouverte fir Besoine vu Kanner a Jonker an.

PDF: 50. Gebuertsdag Fondation Maison de la Porte Ouverte FMPO

Back to Top
CIM LOGO