Knascht an der UewerstadDéi knaschteg Säit vun de Corona-Restriktiounen

RTL Lëtzebuerg
Duerch d'Corona-Restriktiounen dierfe Restauranten a Caféë keng Clientë méi empfänken, ma Take-away ass weiderhin erlaabt.
© Domingos Oliveira

E Freideg den Owend huet een an der Stad gesinn, datt dëst nawell een negativen Afloss op d'Propretéit vun der Stad huet.

Iwwerfëllte Poubellen, Knascht um Buedem, eidel Fläschen, déi ronderëm stinn.

E weidere Problem si Leit, déi sech an der Stad treffen, fir do zesummen ee Patt ze drénken. Vu datt d'Caféen zou sinn, bréngen d'Leit hiert Gedrénks mat, sëtze sech op eng Bänk a loossen hiren Dreck herno leien.

Back to Top
CIM LOGO