Banken hëllefen Entreprisen"Déi Kéier en Deel vun der Léisung sinn"

Maxime Gillen
Si kënne fir näischt an awer steet ënner Ëmstänn hir Existenz um Spill.
Banken hëllefen Entreprisen
Si kënne fir näischt an awer steet ënner Ëmstänn hir Existenz um Spill.

Riets geet vun de Patronen a Besëtzer vu Butteker, Restauranten, Handwierksbetriber an all deenen aneren Entreprisen, déi den Ament net oder wesentlech manner kënne schaffen.

Fir hinnen ze hëllefen, offréieren elo scho verschidde Banke Moratoiren op Prêten, fir den Entreprisen direkt ze hëllefen. Eng weider Hëllef kënnt vun der Regierung, déi plangt Kreditter an Héicht vun 2,5 Milliarden Euro zu 85 Prozent ze garantéieren. Eleng mat dësen zwou Mesurë wäerten d'Banken an den nächste Wochen a Méint genuch ze dinn hunn.

Sechs Lëtzebuerger Banke si sech mat der Regierung eens ginn, fir deene ronn 20.000 Entreprisen zu Lëtzebuerg ënnert d'Äerm ze gräifen.

De Frédéric Kieffer vun der ING: „Et gëtt ëmmer gesot, an der Kris vun 2008/2009 waren d'Banken à l'origine vun der Kris an eis Ambitioun als Banke soll effektiv haut sinn, en Deel vun der Léisung ze sinn bei där aktueller Kris.“

Éischt wichteg Mesurë sinn d'Moratoiren, déi d'Banken den Entreprisen elo direkt accordéiere kënnen.

De Frédéric Kieffer: „An der Ëffentlechkeet gëtt oft geschwat vun de Moratoiren op de Kreditter, mä et ass eppes anescht, dat sinn d'Leasingen, wou et och wichteg ass, an déi selwecht Richtung ze goen. Fir vill PMEe sinn hir Leasingschargë pro Mount och e wichtege Bestanddeel vun de feste Käschten. Wa mer déi kënnen aussetze wärend 3 bis 6 Méint, ass dat och eng grouss Hëllef fir d'Entreprisen.“

D'Demande fir esou Moratoirë wieren och schonn zu Dausenden erakomm, heescht et vun enger Rei Banken. Déi zweet Mesure, déi d'Banke betrëfft, sinn déi garantéiert Kreditter vum Staat. Ma wéi bei all Kredit, seet d'Bank hei och net bei jidderengem Jo.

De Frédéric Kieffer: „All Bank kritt eng Enveloppe zur Dispositioun en fonction vun hirer Part de marché. An da musse mir kucken, dat bescht draus ze maachen. A fir dat bescht draus ze maachen, ass et effektiv, d'Suen dohinner ze bréngen, wou se dee meeschten Impakt kënnen hunn op d'Ekonomie an d'Weiderféiere vu gudden Entreprisen.“

Ausserdeem muss d'Bank och oppassen, sech net selwer ze vill ze belaaschten.

De Guy Hoffmann vun der ABBL: „Et ass fir mech ganz wichteg, zum jëtzegen Zäitpunkt ze kucken, dass ee keen Transfert vum Risiko vun den Entreprisen, déi deen haut hunn, dass een deen integral géing an de Bankesecteur verlageren an importéieren.

D'Banken dierfen dës Geleeënheet awer och net notzen, fir um Enn besser dozestoen.

Den Jeffrey Dentzer vun der BIL: „Elo kënnen d'Banken net einfach dohinner goen an hire Bilan souzesoen opbesseren doduerch a sämtlech Kreditter, déi scho virdrun e bësse Problemer haten oder schlecht waren, déi ginn elo an déi nei Mesuren agepaakt an da ginn déi ëmstrukturéiert an dann ass d'Welt erëm eng Kéier eng ganz.“

Déi vill Demanden, déi elo op d'Banken zoukommen, wieren awer weider kee Problem, ëmmerhin géif ee seng Clientë jo kennen an aktuell géif kaum nach een en anere Kredit ufroen, esou dass genuch Leit disponibel wieren, d'Demandë vun den Entreprisen ze traitéieren.

PDF Schreiwes BGL BNP Paribas

Back to Top
CIM LOGO