StaatsrotDéi Gréng an d'LSAP um Hiewel, fir nei Memberen ze proposéieren

Roy Grotz
Duerch d'Publikatioun am Memorial ass et offiziell: De Grand-Duc huet d'Demissioun vum René Kollwelter als Member vum Staatsrot ugeholl.

Domat gëtt dee Posten am héije Gremium éischter fräi wéi geduecht, well d'Mandat vum LSAP-Politiker u sech sollt bis an d'Fréijoer 2020 lafen.

Et ass elo un deene Gréngen, fir e Successeur fir de Posten vum fréieren LSAP-Deputéierten am Staatsrot ze proposéieren.

Och nach dëst Joer gëtt e weideren Posten am Staatsrot fräi: Well säi Mandat d'nächst Woch no 15 Joer ofleeft, muss och den aktuellen Vize-President Romain Nati ersat ginn - dës fräi Plaz gëtt vun engem Conseiller besat , deen d'LSAP proposéiert.

Sou wéi et de Staatsrot en Dënschdeg unanime decidéiert huet, sinn et 2 Profiller, déi d'Chamber sollte guidéieren, fir e Kandidat ze designéieren: dëst ass e Medeziner-Diplom, respektiv eng experimentéiert Persoun mat engem Droits-Diplom.

Aktuell hunn d'Sozialiste 4 Conseilleren am Staatsrot, déi vun dëser Partei proposéiert goufen - d'CSV huet 8 Conseilleren vun 21, 4 siegéieren op Propose vun der DP a mam Yves Wagener ass et ee Staatsrots-Member, dee vun Déi Gréng proposéiert gouf.

Mam Nicky Stoffel sëtzt och eng Conseillère fir den ADR am Conseil d'Etat - d'Martine Lamesch an d'Isabelle Schlesser sinn onofhängeg Memberen.

Back to Top
CIM LOGO