Stater BraderieËmsaz net méi den Haaptgrond, fir matzemaachen, mee d'Traditioun

Monica Camposeo
Den 2. September 1929 war déi éischt Stater Braderie. Deemools och schonn um Fouerméindeg. Fir d'Geschäftsleit huet sech zanterhier vill geännert.

Ee vun de Butteker, dee vun Ufank un dobäi ass, fënnt een op der aler Avenue op der Gare. Virun iwwer 30 Joer huet de Gilbert Schilling am Familljebetrib bei senger Schwéiermamm ugefaangen. Deemools huet een 20 Leit gebraucht, fir d'Braderie ze stemmen, erzielt hien. Haut geet déi fest Ekipp vun aacht Leit duer.

Et géing een éischter fir d'Traditioun matmaachen, wéi fir den Ëmsaz. Dee wier elo nämlech wéi op engem gudde Samschdeg. Dat well d'Fraisen ze héich sinn, esou de Geschäftsmann. D'Personal muss vu moies 7 Auer bis owes 19 Auer bezuelt ginn. An dobäi kënnt d'Standgeld, seet och den Oswald Britto, en anere Geschäftsmann, deen zanter 5 Joer e Kleederbuttek op der Gare huet. En Dag wéi d'Braderie géing sech fir hien awer lounen, fir den Destockage ze maachen a well besonnesch vill Leit am Quartier sinn. Mee Punkto Ëmsaz seet och hien, dass et wéi op engem anere gudden Dag wier, well d'Kleeder, déi iwwer d'Théik ginn, zu engem niddrege Präis bradéiert ginn.

D'Braderie ass net méi just méindes

Eng aner Entwécklung, déi verschidde Geschäftsleit an der Stad kritiséieren, ass dass d'Braderie antëscht schonn um Weekend oder souguer déi lescht Deeg vun der Woch virdrun ufänkt. Och grouss Shoppingzenter organiséieren eng Braderie, wärend et fréier éischter de Stater Geschäfter virbehale war, esou de Gilbert Schilling.

"Natierlech wëllen och mir um Braderiesméindeg festhalen", seet d'Anne Darin, Direktesch vun der Stater Union commerciale dozou. Mee et misst een och unerkennen, dass sech d'Demande vun de Clientë geännert hätt. Vill Leit schaffe méindes a wieren dofir frou, scho weekends gutt Affäre kënnen ze maachen. Als UCVdL géing een dat och esou kommunizéieren a vu Braderie-Weekend schwätzen. Wat de Garer Quartier ugeet, hätt een dëst Joer speziell op méi Animatioun gesat, fir Leit unzezéien. Eng festlech Ambiance mat vill Musek an Aktivitéite fir Kanner kënnt bei de Leit, mat deene mer geschwat hunn, och gutt un. Besonnesch an enger Foussgängerzon anzekafen, dat genéisse vill Leit hei. An der Stroossbuerger Strooss ass dat no engem laange Chantier net méi just fir d'Braderie de Fall. Dat begréisst de Benji Kontz, Geschäftmann an engem Vëlosbuttek. Et géing een an de leschte Joren eng däitlech Verbesserung am Quartier gesinn.

Och wann d'Braderie fir d'Geschäftsleit op der Gare, anescht ewéi fréier, net méi onbedéngt de wichtegsten Dag am Joer Punkto Ëmsaz ass, bleift et awer eng Traditioun, un där ee wëll festhalen.

Back to Top
CIM LOGO