
Et soll eng grouss Debatt iwwert d'Modernisatioun vum Steiersystem gefouert ginn, dat hunn esou wuel d'Oppositiounsparteie wéi och d'LSAP am September an der Chamber gefuerdert.
Nieft dem DP-President vun der Kommissioun André Bauler soll och en 2. Rapporter vun der CSV designéiert ginn. Wéini déi Debatt soll sinn, ass nach onkloer.
Fir dat ze preparéieren, gëtt an der Finanz- a Budgetskommissioun un engem Rapport geschafft, fir deen, wéi e Freideg decidéiert gouf, ënnert anerem d'Gewerkschaften, de Mouvement écologique, d'Zentralbank an natierlech d'Steierverwaltung solle consultéiert ginn.
"Et ass och d'Fro opgeworf ginn, dass ee sollt d'Grondsteier mat beinhalten, well d'Belaaschtung vun der Grondsteier, wann déi sollt an d'Luucht goen, da muss ee jo och an der Konterpartie aner Steieren eroffueren. Dat heescht et ass do relativ vill Aarbecht, déi usteet, ech mengen, et war och e Konsens, dass een eng Rei vun Acteure soll héieren, Leit aus der Zivilgesellschaft, d'Steierverwaltunge selbstverständlech, och d'Chambres professionellen an eng Demande vun der CSV war déi, dass een och sollt eis Zentralbank mat an d'Berechnungen mat abezéien.", esou den CSV-Deputéierte Gilles Roth.
Fir d'Oppositioun wier et wichteg, déi Donnéeën ze hunn, fir och selwer kënne Propositiounen ze maachen, esou de Gilles Roth.
D'LSAP hätt op enger Rei Punkten nach keng gefestegt Meenung, sot no der Kommissioun hire Fraktiounschef Georges Engel.
"Mir hätten aus dëse Consultatiounen, déi mer an där Kommissioun do maachen, wëlle mer virun allem Donnéeën hunn, virun allem Donnéeën, op déi mer eis kënne verloossen an déi mer dann an eis Iwwerleeunge kënne mat erafléisse loossen. Mir hunn och e Bréif un d'Kommissioun gemaach, an deem mer eng Rei Froe gestallt hunn, zum Beispill, wa mer vun Ierfschaftssteier oder Verméigenssteier schwätzen, mee wéi kéint een iwwerhaapt déi Verméigenssteier berechnen? Dat hu mer mol de Minister gefrot."
Am Januar wëll d'Finanz- a Budgetskommissioun e Kalenner festleeën, wéini déi ënnerschiddlech Acteure sollen invitéiert ginn, wéini de Rapport viraussiichtlech wäert an d'Chamber kommen, ass nach net gewosst.