Cortège duerch d'StadDe Stater CIS ass e Sonndeg op Gaasperech geplënnert

RTL Lëtzebuerg
No iwwer 50 Joer an der grousser Kasär op der Areler Strooss war et fir de Centre d’Incendie et de Secours Luxembourg un der Zäit, ze plënneren.
Mat groussem Cortège: Den CIS plënnert
No bal 100 Joer op der Areler Strooss an iwwer 50 an der grousser Kasär sinn d'Stater Pompjeeën e Sonndeg an hir nei Heemecht geplënnert.

E Sonndeg de Moien goung et op Gaasperech bei de Centre National d’Incendie et de Secours (CNIS).

Dëst allerdéngs net ouni sech un eng Pompjee-Traditioun ze halen, an déi war a Form vun engem Cortège. Mat de ronn 30 Gefierer goung et deemno aus der Stad an déi nei Kasär. Eng perfekt Geleeënheet, fir sech de Fuerpark vun de Stater Beruffspompjeeë méi genee unzekucken.

Éier et um 10.30 Auer lassgoung, waren nach lescht Preparatiounen ze maachen: E kuerze Briefing, kucken op jidderee seng Positioun kennt a scho gëtt déi al Kasär verlooss, déi fir verschiddener wéi eng zweet Heemecht war. 
Esou och fir de Georges Boudler, deen zënter 19 Joer dobäi ass . Et geet ee mat gemëschte Gefiller, muss ee soen. 19 Joer, et war eng schéin Zäit hei. Mä mir freeën eis elo natierlech och op déi nei Kasär. Déi hei fänkt awer u relativ al ze ginn. Dofir mengen ech, gi mir och mat engem laachenden A hei fort.

Ben Gonderinger ass zënter 6 Joer dobäi an dat och um leschten Dag vun der aler Kasär.“Et ass scho komesch, well ee jo awer vill maache misst, fir heihinner ze kommen. Natierlech ass et awer och flott, well dat Gebai hei fir ronn 60 Leit gebaut gouf a mir si jo awer elo zu puer méi. Dat heescht. d’Gebai war einfach net méi ganz zäitgeméiss.

Ma genee dofir geet et fir Stater Pompjeeën an de neien Center zu Gaasperech. Verlooss gouf den ale Bau an der Areler Strooss ganz traditionell mat vill Kaméidi a Blo Luuchten an engem Cortège vu ronn 30 Camione an Ambulanzen. Duerch déi ganz Stad ass de Cortège gefuer. Begleet goufen se op hirem Wee vun Honnerte vu Leit, déi sech dësen exzeptionelle Spektakel net wollten entgoe loossen. Am neien Center ukomm, kruten dann och d’'Gefierer hiert nei Doheem, wéi de Serge Heiles, Center-Chef vum CIS Lëtzebuerg erkläert.

Eleng, dass mir all ons Gefierer elo mol kënnen Ënnerdaach stellen, dass se am Wanter eben net méi dobausse stinn a mir mussen Angscht hunn, dass d'Waasser an de Gefierer fréiert. Dann den Aspekt vun de Formatiounen, vun den Exercicer an och de Punkt vun der Schwaarz-Wäiss-Trennung, do bitt dat ganz aner Méiglechkeeten.

Schonn d’lescht Joer ass Direktioun vum CGDIS an den neien Center geplënnert. An awer war dat ronn 75.000 Meterkaree grousst Gebai eidel, wéi de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder genau weess.

Fir mech ass vun haut u Liewen hei am CNIS. Bis elo waren Direktiounen an d'Verwaltungen hei. Et ass schonn hei geschafft ginn, mä elo ass awer dat Gebai dat, fir wat et eigentlech do ass: seng Bestëmmung fir de Matmënschen dobaussen ze hëllefen, ass vun haut u ginn. D'Leit hu sech bestëmmt och virdrun ëmmer gewonnert, wisou d'Garagen alleguer eidel waren. Vun haut u sinn déi Garage gefëllt. Vun haut ginn d'Asätz vum CNIS um Boulevard Kockelscheier gefuer.

Schlussendlech am neien Doheem ukomm, gouf déi spektakulär Plënneraktioun da fir d’éischt mol mat engem Patt gefeiert. De nächste Mount soll dann och den 112 an den neien Center plënneren.

De Stater CIS ass e Sonndeg op Gaasperech geplënnert
No iwwer 50 Joer an der grousser Kasär op der Areler Strooss war et fir de Centre d’Incendie et de Secours Luxembourg un der Zäit, ze plënneren.

Schreiwes vum CIS Luxembourg

Cortège des pompiers du CIS Luxembourg vers le Centre National d’Incendie et de SecoursCommuniqué de presse

Après plus d’un demi-siècle passé à la route d’Arlon, le Centre d’Incendie et de Secours Luxembourg emménagera en date du dimanche 12 septembre 2021 au Centre National d’Incendie et de Secours (CNIS) à Gasperich.

Comme il est de tradition chez les pompiers, une trentaine de véhicules de pompiers traversera la Ville de Luxembourg en cortège afin de se rendre à la nouvelle caserne depuis laquelle ils seront dès lors totalement opérationnels.

Le départ du cortège aura lieu à 10h30 depuis l’ancienne caserne de la route d’Arlon et suivra les grands axes repris plus bas avant d’arriver dans les nouvelles localités du boulevard de Kockelscheuer à Gasperich.

Den RTL-Reporter ass um Méindeg bei de Beruffspompjeeën a kuckt hannert d'Kulissen

Back to Top
CIM LOGO