
Mam nächste Covidgesetz gëtt notamment de Covidcheck-System am Spidol generaliséiert. Nächsten Dënschdeg gëtt an der Chamber iwwert den neien Text ofgestëmmt. Déi aktuell Dispositiounen lafen deen Dag och aus. Déi konsultativ Mënscherechtskommissioun hat Bedenken iwwert d’Enn vun de gratis Large-Scale-Tester geäussert. D’CCDH fäert op dës Aart a Weis géife Persounen riskéieren net an d’Spidol ze goen obwuel si et missten. Dofir misst d’Regierung do wieder gratis Tester zur Dispositioun stellen.