
Et war kloer, datt et keng gemeinsam Zukunft géing ginn. Lo ass et offiziell: Den Dokter Claude Schummer ass net méi Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman. Dat deelt de Grupp en Dënschdeg de Moien an engem Communiqué mat. Hannergrond vun der Trennung dierft jo ënner anerem eng Vaccin-Iniativ sinn.
Et war en turbulenten Ufank vum Joer fir de Spidolsgrupp HRS. Verwaltungsréit, déi sech impfe gelooss haten, en anonymme Bréif mat Mobbing-Reprochen an en Direkter, deen net méi op sengem Büro war, op d'mannst gouf et offiziell sou formuléiert.
Am Raum stoung de Versuch, eng parallel Impfcampagne ze lancéieren. Den Dokter Claude Schummer hat gesot, datt et éischt Usätz vun esou enger Initiativ gouf an datt de Verwaltungsrot au Courant war. De Conseil d'adminstration ronderëm de President Jean-Louis Schiltz bestreit dat vehement.
Ausso géint Ausso also. Et war evident, datt béid Parteien net méi op e gemeinsamen Nenner kéinte kommen. De fréieren Direkter an de Verwaltungsrot schénge sech awer lo op d'mannst iwwer d'Modalitéite vun der Trennung eens ginn ze sinn.
An engem Communiqué heescht et en Dënschdeg an engem knappe Saz, et hätt een decidéiert, datt d'Aarbechtsrelatioun zu Enn wier an datt ee sech trennt. Op Nofro hi sot de Claude Schummer eis, hien dierft dozou näischt soen. Wat seng berufflech Zukunft ugeet, sou wier do nach keng Decisioun geholl.
Och d'Hôpitaux Robert Schuman wollten eis géintiwwer d'Saach den Dënschdeg de Moien net méi kommentéieren. Vill méi wëll ee sech elo op d'Sich no engem neie Generaldirekter konzentréieren.
Deen appel à candidatures ass national wéi international. En interne Selektiounscomité soll de Choix maachen. Am genannte Gremium sëtzen d'Administrateure Claude Seywert, Michel Wurth, Marie-Josée Jacobs an Dokter Robert Steinmetzer. Dëse Comité gëtt dobäi och vun externen Experten ënnerstëtzt.
Beim Rekrutement soll iwwerdeems enk mam Conseil médical an der Personaldelegatioun zesummegeschafft ginn, heescht et. Bis bei d'Nominatioun vun engem neie Generaldirekter leet d'Finanz- a Verwaltungsdirektesch Sandra Thein kommissaresch d'Geschécker.
De Grupp HRS geréiert 4 Klinicken an engagéiert 306 Doktere souwéi 2.250 Salariéen.