Nodeems et en Dënschdeg um éischten Dag vum Grand-Duc Guillaume sengem Deplacement op Bréissel ëm d’europäesch politesch Aktualitéit gaange war, stoung e Mëttwoch déi international Sécherheet um Programm.
Um 9.15 Auer haten de Grand-Duc an den Ausseminister Xavier Bettel, vun deem de Staatschef jo op dëser Rees begleet gëtt, eng Entrevue mam NATO-Generalsekretär Mark Rutte. Am Gespréich wier et ëm d’Evolutioun vum globale strateegeschen Ëmfeld an d’Erausfuerderunge fir déi transatlantesch Sécherheet gaangen, sou den Haff an den Ausseministère an engem gemeinsame Schreiwes. Aus dem Ausseministère hat et am Virfeld vun der Entrevue op Nofro geheescht, dass et wuel och ëm d’Ukrain wäert goen, an dass, en vue vum nächste Sommet zu Ankara ugangs Juli, och d’NATO selwer en Thema wäert sinn.
Um Bord vun der Visite hat de Grand-Duc dann och eng Renconter mat de Lëtzebuerger, déi bei der NATO schaffen. Hien huet hire Bäitrag zur Stäerkung vun der kollektiver Sécherheet gewierdegt.