De Grand-Duc Guillaume besicht d'EU-Institutiounen an d'NATOD'europäesch Wäerter och a schwéieren Zäiten héichhalen

Cédric Ferry
An der Suite vum Trounwiessel ass de Grand-Duc Guillaume en Dënschdeg an e Mëttwoch zu Bréissel.

Um éischten Dag vun der Visitt, op där de Groussherzog vum Vize-Premier an Ausseminister Bettel begleet gëtt, stounge Visitte bei zwou EU-Institutiounen um Programm:

Um 14.30 Auer war eng Entrevue mat der Presidentin vum Europäesche Parlament Roberta Metsola an um 18 Auer haten de Lëtzebuerger Staatschef an den Ausseminister de President vum Europäesche Rot António Costa getraff. Wéi et an engem Schreiwes vum Haff heescht, sollt et bei béiden Entrevuë virun allem ëm Froe vun der europäescher Aktualitéit goen. Eng Entrevue mat der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, déi ursprénglech fir 11 Auer en Dënschdeg geplangt war, huet misse wéinst dem Agenda vun der Kommissiounspresidentin annuléiert ginn. Dës soll zu engem spéideren Zäitpunkt nogeholl ginn.

D'Schreiwes vum Haff
De Grand-Duc Guillaume besicht d'EU-Institutiounen an d'NATO
Et sinn Entrevuë mat Metsola, Costa a Rutte geplangt.

Tëscht den Entrevuë mat der Parlamentspresidentin a mam Rotspresident stoung fir de Grand-Duc dann eng Renconter mam Personal vun der permanenter Representatioun vu Lëtzebuerg a mat de Lëtzebuerger, déi bei den EU-Institutioune schaffen, um Programm. Um 15.30 Auer haten de Grand-Duc an de Xavier Bettel sech hei u si adresséiert. De Grand-Duc Guillaume huet d’Wichtegkeet vun der EU an hire Wäerter, besonnesch an aktuellen Zäiten ënnerstrach:

“D’Engagementer an d’Wäerter, déi ech fir eng inklusiv a solidaresch Gesellschaft droen, sinn och d’Wäerter vun Europa, d’Wäerter vun der Kooperatioun an dem Multilateralismus. Jo, mir ginn duerch schwéier Zäiten, Zäiten, déi déi international Kooperatioun, wéi och d’Europäesch Unioun op d’Prouf stellen, souwuel vu bausse wéi vu bannen. Jo, mir liewen an enger Welt, an där wirtschaftlech Interesse meeschtens méi wichteg si wéi eis gemeinsam Wäerter. Mee mir mussen eis all d’Fro stellen, wat eis Gesellschaft wierklech zesummenhält. Solle Partnerschafte sech nëmmen op Interessi stäipen? Ech si fest dovunner iwwerzeegt, datt mir déi Prinzippien net aus den Aen däerfe verléieren, déi Europa, seng Visioun a seng eenzegaarteg Glafwierdegkeet op der Weltbün ginn.”

Hien huet de Lëtzebuerger, déi op der RP a bei den Institutioune schaffen ausdrécklech Merci gesot. Si géife Brécke bauen a Kooperatioun erméiglechen:

“Vous œuvrez au cœur même du moteur européen. Le Ministre et moi connaissons l’importance de votre engagement et nous tenons à vous exprimer toute notre reconnaissance pour la qualité de votre travail. Même si les préparatifs de la prochaine Présidence ont déjà commencé, il est encore un peu tôt pour vous souhaiter plein, plein de succès en vue de 2029.”

Vum Ausseminister Bettel war et den Appell, Europa net fir alles d’Schold ze ginn. Et sollt een de Courage hunn, ze soen, dass een d’Decisiounen zesumme geholl huet. Dass een heiansdo net fäeg wier, dat ze maachen, wier vläicht eng vun den Ursaache fir d’Schwächten, déi Europa nach huet:

“Mir hunn d’Tendenz, wann eppes net geet, ze soen: ‘Et ass wéinst.’ Amplaz de Courage och ze hunn, ze soen, dass mer déi Decisioun zesumme geholl hunn. De Conseil sinn d’Ministeren, d’Europaparlament sinn d’Europadeputéierten, d’Kommissäre si Vertrieder, déi vun der Regierung proposéiert ginn. Et si keng Marsmännercher, déi hei an den Institutioune schaffen. Et si Leit a Bierger, déi e Mandat kritt hu vun hire Kapitalen. An dass mer zesummen dann net wëlle Verantwortung iwwerhuelen, wann eppes net-populäres ass, ass dowéinst d’Schwächt, déi vläicht Europa haut och huet, amplaz sech ze bewosst ze sinn, dass mer säit 57 a Fridde liewen, zesumme Saache fäerdegbréngen, déi soss net méiglech wieren.”

De Grand-Duc Guillaume am Haus vun der Representatioun vu Lëtzebuerg bei der EU
De Grand-Duc huet sech an enger Ried un d’Personal vum Haus vun der Representatioun an un d’Lëtzebuerger, déi fir d’EU-Institutioune schaffen, adresséiert.

Den Ofschloss vum éischten Dag vun dësem Deplacement op Bréissel huet dann eng Entrevue mam Rotspresident Antonio Costa um 18 Auer owes markéiert.

E Mëttwochmoien hunn de Groussherzog Guillaume an den Ausseminister Xavier Bettel dann eng Entrevue mam NATO-Generalsekretär Mark Rutte. Hei soll et virun allem ëm Froe vun der internationaler Sécherheet goen.

Back to Top
CIM LOGO