"Prix du Mérite Jeunesse"De Gewënner-Projet hëlleft 37 Weesekanner am Nepal

RTL Lëtzebuerg
Fir déi 15. Kéier gouf dës Woch de „Prix du Mérite Jeunesse" vun der Fondatioun Mérite Jeunesse un e Grupp vu Jonke verginn.
"Prix du Mérite Jeunesse" 2021
Fir déi 15. Kéier gouf dës Woch de „Prix du Mérite Jeunesse" vun der Fondatioun Mérite Jeunesse un e Grupp vu Jonke verginn.

Si hunn zesummen e Projet op d'Bee gestallt, fir sech op sozialem, kulturellem oder sportlechem Niveau z'engagéieren.

Gewonnen huet de Projet vun der „Sharing a Smile Asbl". 6 Jonker hunn dës gegrënnt, fir 37 Weesekanner am Nepal ze hëllefen. Nodeems d'Vero Reinert 2019 fir 6 Wochen an der Géigend vu Kathmandu e Volontariat am „Helpless Children Home" gemaach huet, koum hir d'Iddi, net nëmme kuerzfristeg ze hëllefen. Sou hu si zanter Januar 2020 Sue gesammelt a konnten esou de Kanner am Nepal e bessert Liewen erméiglechen.

Vun de 7 agereechte Projete bei der Fondatioun Mérite Jeunesse hunn awer och nach zwee weider et an d'Finall gepackt. De Projet „Wanns de et mengs" vum Escher Jugendhaus wëll géint Mobbing virgoen an de Projet „Grénge Krees" vum Jugendcomité vum Roude Kräiz wëll Vakanzekolonie méi nohalteg an ëmweltfrëndlech maachen.

De Prënz Guillaume, deen zanter dem Ufank vun der Fondatioun am Joer 1993 dobäi ass, ass immens houfreg drop, wat déi Jonk sech all Joers op en Neits afale loossen a grad och an engem Joer wéi deem heiten. Beim „Prix du Mérite Jeunesse" geet et drëms, dass e Grupp vu Jonken en exemplaresche Projet entwéckelt, wou si sech engagéieren, si encouragéiert ginn, fir sech anzesetzen, a si och duerch de Präis eng Unerkennung kréien. Ma elo no 15 Joer soll et de Gruppepräis an där Form awer net méi ginn. Dat heescht awer net, dass no enger kuerzer Paus vun engem Joer et näischt Neies wäert ginn, wou déi Jonk sech kënne weider engagéieren an entfalen.

Back to Top
CIM LOGO