De Veianer Buergermeeschter François Weyrich wunnt net an der Gemeng, mee an Däitschland, a soll dowéinst aus dem Conseil ausgeschloss ginn. Mat där Fuerderung war de Veianer Gemengerot e Mëttwoch konfrontéiert. Déi Diskussioun ass net nei an dowéinst iwwerrascht den Ausgank vum Vott dann och net.
Schonn am Virfeld vun de Gemengewalen 2023 hat den deemolege Veianer Buergermeeschter Claude Tonino dem François Weyrich reprochéiert, net zu Veianen, mee am Schlass Kewenig an der däitscher Gemeng Körperich ze wunnen. Datt him dat Schlass gehéiert, ass kee Geheimnis, et gouf direkt e puer Tëleesreportage respektiv Artikelen an däitsche Medien, déi d’Renovatioun vum Schlass duerch d’Famill Weyrich thematiséiert hunn. Dat sinn dann och an éischter Linn d’Sourcen, op déi sech de Conseiller Jengel Klasen, deen eng Lettre de réclamation un den Inneministère geschéckt huet, berifft. Hei an der Diskussioun mam Schäffen André Dübbers.
Jengel Klasen: “Dobaussen erzielt den Här Weyrich an e mécht Reklamm domadder am Fernseh an iwwerall mécht e Reklamm, den Ausléiser fir mech ...”
André Dübbers: “Dat sinn Ënnerstellungen.”
Jengel Klasen: “Dat si keng Ënnerstellungen, dat ass nozesichen, dat ass ganz einfach ze kontrolléieren, et brauch een nëmme seng Interviewen ze kucken, déi e gëtt, dat ass einfach, dann ass dat séier kontrolléiert.”
Et sief ënnerstrach, datt den Inneministère scho virun dräi Joer op déi Interviewen opmierksam gemaach gouf an um Enn awer decidéiert huet, datt de François Weyrich, deen eng Daachdeckerfirma zu Veianen bedreift, an der Gemeng wunnt.
Den André Dübbers huet sech dann och d’Fro gestallt, firwat déi Thematik elo rëm opbruecht gouf. Eng wierklech Äntwert krut hien awer net.
André Dübbers: “Erklär mer de Sënn vun der Saach, ausser datt et vläicht eng Politique politicienne ass oder d’Leit, op Lëtzebuergesch gesot, schäissen ze doen. Ech weess et net, erklär mer dat wannechgelift.”
Jengel Klasen: “Ech muss dir dat net erklären, well du weess jo am beschte wéi dat geet, fir d’Leit rosen ze maachen. Et brauch ee jo nëmmen ze kucken, wat virun de Walen alles vun dir komm ass.”
De Jengel Klasen wollt sengersäits wëssen, wat fir eng Beweiser et da ginn, datt de François Weyrich haaptsächlech zu Veianen wunnt. Den André Dubbers huet dorobber verwisen, datt de François Weyrich jo ëmmerhin zu Veianen ugemellt wier. Deen anere Schäffe Pol Petry huet vun enger “schéiner grousser Wunneng” geschwat, déi de François Weyrich zu Veianen hätt an an där hien och scho “méi dacks” gewiescht wier, ma:
“Ech sinn awer och keen Investigativjournalist an och kee Stalker, deen dem Françis hannendru reest, wéini hie sech wou ophält.”
De Conseiller Jean-Claude Vinandy wollt mat dëser Anekdot beleeën, datt de François Weyrich wierklech zu Veianen wunnt:
“Ech sinn ëmmer tëscht 5 a 6 Auer beim Françis, normalerweis drénke mer eng Taass Kaffi, ech hunn och scho bei him uewen an der Kichen eng Taass Kaffi gedronk. Da kann ech lo net behaapten, datt wann ech moies ëm 5 Auer kommen, datt hien net do geschlof huet. Wann ech moies tëscht 5 a 6 do sinn, ass de Françis do.”
De François Weyrich hat virun der Sëtzung iwwregens schrëftlech matgedeelt, datt säi Wunnsëtz zu Veianen ass a säin eelste Bouf mat senger Famill zu Kewenig wunnt.
Um Enn hu 5 vun de 6 Conseilleren, déi dee Moment am Sall waren - de François Weyrich war direkt am Ufank vun der Diskussioun erausgaangen - dofir gestëmmt, datt hien am Gemengerot bleiwen dierft, just de Jengel Klasen war dogéint. Dësen hat wärend der Diskussioun ugedeit, datt sech deemno wéi nach ee Verwaltungsgeriicht mat där Affär wäert mussen ausernanersetzen.
Et sief nach gesot, datt de François Weyrich just nach ee gutt Joer laang Buergermeeschter vu Veianen bleiwe wäert an da mam Schäffe Pol Petry d’Posten tausche wäert. Déi Rochade war schonn direkt no de Gemengewalen annoncéiert ginn, deemools awer fir d’Hallschent vun der Legislaturperiod. Bei de Walen hat Pol Petry virum François Weyrich déi meeschte Stëmme kritt.