Franséisch-Schwäizer BankegruppDe François Pauly gëtt neie CEO vun Edmond de Rothschild

RTL Lëtzebuerg
Dat sot d’Ariane de Rothschild an Interviewe mat der "Neue Zürcher Zeitung" a mat "les Echos".
© Archivbild

De François Pauly – och CSV-Member - ass aktuell President vum Grupp Saint-Paul, fréiert Mammenhaus vum Lëtzebuerger Wort. Hie sëtzt och an enger Rei anere Verwaltungsréit, dorënner dee vun der Assurancëgesellschaft „Lalux“ wou säi Cousin de Pit Hentgen President ass. Bis 2016 war de François Pauly och President vun der BIL.

D’Bank Rothschild schreift an engem Communiqué d’Nominatioun vum François Pauly géing sech an d‘Kontinuitéit aschreiwen. Nodeems säi Virgänger de Vincent Taupin d’Transformatioun vum Grupp ënnerholl hätt, géing een elo näischt un der Strategie änneren. Dës charakteriséiert sech notamment doduercher, datt d’Investissementer guidéiert géinge ginn duerch déi sougenannt ESG-Krittären. ESG steet fir „Ekologesch, sozial a Betribsgouvernance“.

An deene leschte Joren hat Rothschild puer Mol schlecht Press:

D‘Filial zu Lëtzebuerg krut zum Beispill eng Amende vun der Iwwerwaachungskommissioun, der CSSF, well se an de malaysesche Finanzskandal „1MDB“ verwéckelt war.

D’lescht Joer hat e fréiere Chef vun der russescher Firma Rosneft eng Plainte wéinst Fraude géint Rothschild deposéiert.

PDF Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO