Rue de la DéportationDe Fonds de Logement baut eng Residence an engem Wunnquartier zu Gaasperech

Christophe Hochard
14 Méint daueren d'Aarbechten, ier dës ofgeschloss sinn. Dat Speziellt un dësem Projet vum Fonds du Logement ass d'Tatsaach, dass de Bau aus Holz besteet.
Residence an engem Wunnquartier zu Gaasperech
14 Méint daueren d'Aarbechten, ier dës ofgeschloss sinn. Dat Speziellt un dësem Projet vum Fonds du Logement ass d'Tatsaach, dass de Bau aus Holz besteet.

Holz, dat aus dem Schwarzwald importéiert gëtt. Geschafft gëtt mat prefabrizéiertem Material.

Op dës Manéier ze bauen huet de Virdeel, dass d'Aarbechte méi séier virukommen. Am November d'lescht Joer gouf ugefaangen an Ufank 2022 steet d'Appartementshaus. 2008 huet de Fong eng éischte Kéier e Projet am Holzbau realiséiert. Dat war zu Nidderkuer.

Op enger Surface vu 6 Are entsti 4 Wunnengen. Déi gréisst hu 75 Meter Carré mat 2 Kummeren. Plaz ass hei fir maximal 3 Persounen. D'Appartementer komme spéider an d'Locatioun.

Bannent 3 Woche stoung d'Residence. Den Ament lafen d'Aarbechten an de Wunnengen op Héichtouren. Och hei kommen d'Aarbechte gutt virun.

Op eng 1.784.000 Euro beleeft sech de Käschtepunkt vun dësem Projet zu Gaasperech. 74 Wunnengen am Holzbau ginn aktuell vum Fonds du Logement realiséiert.

Back to Top
CIM LOGO