
Aus der Coronakris kéint ee léieren. Ongewollten Niewenaspekter vun der Kris spillen den Ëmweltaktivisten an d'Hänn: manner Fligeren a manner Stroossentrafic. Mä ob de Klimaschutz no der Coronakris méi Gehéier fënnt, ass den Ament schwéier viraus ze soen.
Youth for Climate Lëtzebuerg huet um Freideg aktualiséiert Revendicatiounen publizéiert an u verschidde Ministère geschéckt.
D'Klima misst Prioritéit kréie bei alle Mesuren, déi elo geholl ginn. D'Vollek soll vun de wirtschaftlechen Hëllefe profitéieren. Kee soll eleng gelooss ginn an et soll eng international Solidaritéit ginn.
Youth fir Climat Lëtzebuerg huet dann och eng nei Challenge an d'Liewe geruff, mam Numm "Burning Earth Challenge". Et geet drëms, fir ee Bild vun enger Äerd déi brennt, an d'Fënster ze hänken.