Urteel am Mordfall Diana SantosDe Beschëllegte muss liewenslänglech an de Prisong

Marc Hoscheid
Bei der Verkënnegung vum Urteel gouf et iwwerdeems e bëssi Konfusioun.
© RTL Archiv

Et war ee Fall, deen an de Medien nawell zimmlech thematiséiert gouf: de Mord um Diana Santos. Déi 40 Joer al portugisesch Fra war den 18. September 2022 zu Dikrech ëmbruecht ginn. Spéider goufen Deeler vun hirer Läich op verschiddene Plaze fonnt. En Donneschdeg de Moie gouf um Dikrecher Geriicht d’Urteel géint ee Beschëllegten an där Affär gesprach. Wat hunn d’Riichter dann decidéiert?

Verdikt no Mord un Diana Santos - Erklärunge vum Marc Hoscheid

D’Riichter sinn der Fuerderung vum Parquet nokomm an hunn de Beschëllegten zu enger liewenslänglecher Prisongsstrof verurteelt. Dobäi kommen d’Frais de justice vu ronn 101.000 Euro a Schuedenersatz fir de Jong vum Affer an Héicht vu 75.000 Euro. Beim verurteelte Mann handelt et sech ëm een 51 Joer ale Marokkaner, deen eng Relatioun mam Affer hat an et wuel net akzeptéiere konnt, datt d’Fra hie verloossen an eppes mat engem anere Mann ufänke wollt.

Et ass jo ee ganz seriöe Fall, mee ech muss soen d’Verkënnegung vum Urteel en Donneschdeg de Moien zu Dikrech war awer scho liicht skurril. D’Sëtzung huet um 9 Auer ugefaangen an de Fall Diana Santos war och direkt fir den Ufank ugesat. Ma wéi de Riichter gefrot huet, wou de Beschëllegte wier, hunn d’Policebeamte mol grouss gekuckt. Et huet du geheescht, de Gefaangenentransport op Dikrech wier net organiséiert ginn. Dat sollt dunn direkt nogeholl ginn an d’Sëtzung gouf bis 10 Auer ënnerbrach. Géint 9.30 Auer ass et dunn awer schonn nees weidergaangen an et gouf gesot, de Beschëllegte géing refuséieren, an der Sëtzung dobäi ze sinn. Seng Affekotin war iwwregens och net present, mee et war jo genuch Presse am Sall, sou datt d’Infoe mëttlerweil wuel och do ukomm dierfte sinn.

Dat war bei der Verkënnegung vum Urteel, mee komme mer nach eng Kéier op de Fall an de Prozess selwer zréck.

Wéi gesot gouf d’Diana Santos den 18. September 2022 zu Dikrech erstach an hir Läich dono zerstéckelt. Schonn den Dag drop gouf den Torso zu Mont-Saint-Martin a Frankräich fonnt, d’Been an de Kapp annerhallwe Mount méi spéit bei Temmels an Däitschland. D’Äerm goufen iwwerdeems bis haut net fonnt. De Verurteelten hat wärend dem Prozess just zouginn, datt hien dobäi gehollef huet, d’Läich ze zerstéckelen, mee hien hätt d’Fra net ëmbruecht. Dat hätt säin Neveu gemaach, deen duerch eng Scheinehe mam Affer eng Openthaltsgeneemegung zu Lëtzebuerg kréie wollt. Den Neveu huet sengersäits sengem Monni reprochéiert, d’Fra ëmbruecht ze hunn. Den Neveu huet sech mëttlerweil a Marokko ofgesat an dat nordafrikanescht Land liwwert aus Prinzip keng eege Staatsbierger aus. Um Enn hunn d’Riichter et awer fir méi warscheinlech gehalen, datt den 51 Joer ale Monni d’Dot begaangen huet.

Back to Top
CIM LOGO