Et sinn normalerweis faarweg Zeenen, déi engem d'Kulturen aus der ganzer Welt an déi zu Lëtzebuerg residéiere presentéieren. Am Kader vum 38. Migratioun & Kulturfestival goufen d'Festivitéiten awer op e puer Informatiounskonferenzen online reduzéiert. Sujet ass ënner anerem d'Pandemie. Dës trëfft jiddwereen, mä net jiddweree mat der nämmlechter Intensitéit. Besonnesch fir d'Migranten ass wärend der Kris besonnesch schwéier, Uschloss un d'Gesellschaft ze fannen. Am meeschte leiden hei Familljen a geflüchte Persounen.
D'Corona-Pandemie bremst d'Integratioun. Sief dat um Schouleschen Niveau, wou d'Kanner riskéieren, den Uschloss ze verléieren, oder bei den Erwuessenen, seet d'Antònia Ganeto, Spriecherin vu Finkapé.
„Fir déi ze begéinen a fir hinnen ze erklären, wéi et zum Beispill hei funktionéiert, fir Sproochen ze léieren, oder de Fonctionnement vum Land ze verstoen ze ginn, ass natierlech vill méi schwiereg, wann een dat bemol iwwer Videokonferenz muss maachen.“
Sproch- an Integratiounsklassen si fir d'Regierung de Schlëssel fir zu Lëtzebuerg Uschloss ze fannen a richteg unzekommen. Mä wéinst Corona hunn d'Coursen zum Deel misse komplett annuléiert ginn oder goungen online, erkläert de Spriecher vun der Asti Serio Ferreira.
„Effektiv ass et vill méi schwiereg eppes ze léieren, eng Sproch ze léieren, wa kee Proff direkt present ass an et kann ee sech vill méi einfach austauschen.“
Fir de Serigo Ferreira ass d'Pandemie dann eng Integratiounsbrems.
„Dat ass allefalls kloer, well déi Leit kommen op Lëtzebuerg a se hu bal kee Kontakt mat de Lëtzebuerger, mat der Gesellschaft an dat ass sécher eng Gefor fir d'Zesummeliewen.“
De Base sinn einfach manner Kontakter méiglech, och zu den Autoritéiten, der ADEM oder Immigratiounsbüroen. Vill vun de Rendezvouse goufen op den Telefon reduzéiert. D'Zäit fir e face-à-face mat engem ass limitéiert, esou d'Antònia Ganeto.
„Et ass immens vill mat Bürokratie verbonnen. An déi Bürokratie ass mat der Pandemie natierlech erschwéiert ginn. Scho ze verstoen, wat ee maache muss, fir un Hëllefen ze kommen, ass net evident. Mä dat och zousätzlech iwwert eng Videokonferenz ze maachen, wou och d'sproochlech Schwieregkeeten dobäi sinn, ass natierlech eng richteg Brems.“
Et wier schwéier, ewéi mat villen anere Saachen och, d'Leit online z'areechen. Et feelt d'Aarbecht um Terrain, d'Faarwen, déi direkt Diskussiounen an d'Opklärung. No der Pandemie wäert de Staat geziilt op déi Leit muss zougoen, déi en duerch Corona den Ament net arescht, esou d'Spezialisten.
Fir e Sonndeg sinn nach e puer Konferenze geplangt. De Programm fënnt een op clae.lu
