Nei Reegelen?D'Consommatioun am Horeca-Secteur geet rëm zréck

RTL Lëtzebuerg
Ginn d'Reegele fir Caféen, d'Restauranten an d'Geschäfter rëm verschäerft?
D'Consommatioun am Horesca-Secteur geet rëm zréck
Ginn d'Reegele fir Caféen, d'Restauranten an d'Geschäfter rëm verschäerft?

Mat Ongedold op präzis Informatioune waarde jiddefalls d'Cafetieren an d'Restaurateuren.

Am Secteur stagnéiert d'Geschäft. Déi leschten Deeg hätt et vill Annulatioune ginn. Souwuel an der Restauratioun ewéi der Hotellerie. Déi lescht 2 Méint hätten d'Betriber gutt geschafft. Am September an Oktober wären och Leit agestallt ginn. D'Bicher mat Reservatioune wäre ganz gutt gefëllt gewiescht. D'Entreprisen hätten och manner Hëllefen ugefrot.

Elo spiert een nees en Abroch. D'Leit géifen zécken, an d'Restauranten iessen ze goen. Trotz CovidCheck. Iwwer en 3G plus oder 2G wëllen déi Responsabel aus dem Horeca-Secteur awer nach net ze haart nodenken.

Bis Dezember ginn et Hëllefe vum Staat. Sollt d'Situatioun sech verschlechteren, missten déi bis an de Juni 2022 verlängert ginn.

Back to Top
CIM LOGO