Nom 31. August gi keng sougenannt "Israel Bonds" méi vu Lëtzebuerg aus an der Europäescher Unioun verkaf. Gëtt sech Amnesty International Lëtzebuerg mat dëser Decisioun vun der CSSF zefridden a wat seet se zu der Haltung vum Regulateur?
Dat froe mer hiren Direkter David Pereira um 8 Auer. Mat eisem "Invité vun der Redaktioun" geet et donieft ëm der Mënscherechtsassociatioun hiren Engagement géint den Noutstand um Wunnengsmaart a wéi Amnesty Lëtzebuerg hir konkret Roll als Defenseur vun de Mënscherechter am allgemenge gesäit.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.