Aussepolitesch ChamberkommissiounD'Asylgesetz vun 2015 gëtt ofgeännert

Roy Grotz
An der Haaptsaach geet et drëms, fir den Asyl-Demandeuren aner Recours-Méiglechkeeten ze ginn, dat am Kader vum Ëmsetze vun den Dublin III-Dispositiounen.
© AFP

Dës Dispositioune schützen d'Leit, déi ëm international Protektioun an engem EU-Land froen.

Dëse Gesetzesprojet gëtt aktuell an der aussepolitescher Chamberkommissioun debattéiert, déi och fir d'Immigratioun- an Asylrecht zoustänneg ass. Deemno ginn ënner anerem d‘Recoursméiglechkeeten am Kader vun de sougenannten "Transferts Dublin" vun Demandeurs de protection internationale, sou wéi et am Koalitiounsaccord virgesinn ass, ofgeännert. Hei ass ee "Recours en réformation“ an een automateschen „Effet suspensif“ virgesinn. Par contre mussen hei déi administrativ Riichter net méi bannent 2 Méint, ma elo bannent engem Delai vun engem Mount statuéieren.

Zousätzlech ginn och nach aner Recoursméiglechkeeten ofgeännert, fir géint eng Decisioun kloen, wou den zoustännege Minister de Réfugiésstatut oferkennt oder wann hien den Dossier clôturéiert, well den Demandeur sech net méi mellt.

An nach en Delai gëtt verlängert, sou kann en DPI, deen dierf am Land bleiwen, net méi bannent 3 Méint eng Demande fir e regroupement familial eraginn, mee huet 6 Méint fir dës Demarche Zäit.

Eng aner Ännerung betrëfft d'digital Empreinten, déi bis ewell just vun engem Beamten vun der PJ konnten erfaasst an am EURODAC-Système hannerluecht ginn. No der Reform sollen och aner - duerfir autoriséiert - Polizisten dës Aarbecht kënne maachen.

D'digital Ofdréck erlaben et, ze kontrolléieren, ob den Asyldemandeur net ewell an engem aneren EU-Memberland eng Demande gestallt huet.

Back to Top
CIM LOGO