Firwat ass den État de la Nation en Dënschdeg an net no der Tripartite? Dat freet sech de fréiere Minister fir d'Aarbecht- an d'Fonction publique Dan Kersch en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Entweder géif de Premier näischt Inhaltleches soen – "da brauche mer keen État de la Nation" – oder hie géif de Verhandlunge virgräifen. Dat wier e schlecht Signal fir de Sozialdialog. Den LSAP-Politiker huet och net mat schaarfer Kritik un der Regierung a besonnesch um Premier Luc Frieden gespuert. Virun der Tripartite an dem État de la Nation fuerdert hie konkret Mesuren am Logement, eng Entlaaschtung vum Mëttelstand an eng nei Steierpolitik.
Besonnesch am Dossier Wunnengsbau misst elo endlech gehandelt ginn, esou den Dan Kersch. Hie proposéiert ënner anerem, datt de Staat Garantië fir Immobilieprête soll iwwerhuelen. Wa Familljen hir Scholden net méi kéinte bezuelen, kéint de Staat d'Wunneng iwwerhuelen, deemno Proprietär ginn, a se de Betraffene weider verlounen. Ausserdeem misst d'Virverkafsrecht vun der ëffentlecher Hand gestäerkt ginn, fir datt Terrainen net exklusiv bei grousse Promoteure landen."Et kann net sinn, dass an enger Kris, wéi mer elo hunn, déi ganz grouss Promoteure sech elo erëm nei Terrainen ënnert den Nol rappe vu méi klenge Promoteuren, déi vun der Bank d'Messer op Broscht gesat kréien, well se keng Liquiditéite méi kréien." De Staat misst endlech "een Acteur um Terrain" ginn.
D'Wirtschaft dréint net méi sou gutt, deemno ginn et manner Recetten, wärend awer parallel d'Ausgabe weider klammen. Erwaart sech den Dan Kersch deemno Spuermesurë vum Premier? Spuere wier wichteg, besonnesch bei der Defense misst een net einfach sënnlos oprëschten, wéi den Trump dat fuerdert. Mee virop misst d'Steierpolitik zu Lëtzebuerg nei geuerdent ginn. D'Steierreform, fir de Mëttelstand z'entlaaschten, déi muss kommen, sou den Dan Kersch. Op der anerer Säit misst dës Regierung ophalen, mat der Géisskan d'Betribsbesteierung weider erofzesetzen. "Wann ee wëll Betriber schützen, da soll een eng Selektivitéit vu Betribsbesteierung aféieren." Dat hätt een och scho bei Gambia gemaach, wou déi eng Betriber 15 Prozent bezuelt hunn, bis 175.000 Euro an iwwer 175.000 Euro da 17 Prozent. Dat soll ee weiderféieren, fir dass een déi kleng Betriber eventuell nach ënnerstëtzt, awer net méi déi Betriber, déi hei zu Lëtzebuerg riseg Gewënner gemaach hunn. "Notamment d'Banken, an deenen dann och nach d'Steieren erofsetzen, dat versteet kee Mënsch", kritiséiert den LSAP-Politiker.
De Luc Frieden wier warscheinlech net de richtegen, fir dat ëmzesetzen. Seng Sondagë wiere katastrophal a wann dës Tripartite elo nach an de Sand gesat géing ginn, da géing net méi vill iwwereg bleiwen. "Hien ass souwisou schonn an der Defensiv, a mengen Aen, wann hien da géif eppes Guddes maachen, da géif hien demissionéieren."
De fréieren Aarbechtsminister weist sech och besuergt iwwer déi wirtschaftlech Entwécklung an de klammende Chômage. Besonnesch den héije Jugendchômage wier alarméierend. Hie fuerdert nei Aarbechtsplazmesuren an ëffentlech Programmer fir Jonker. Eng Gesellschaft, déi jonke Leit signaliséiert, datt si net gebraucht ginn, wier "à la longue net ze halen".
Och de Gruef tëscht ëffentlechem a private Secteur war Thema am Interview. Zwar misst een d'Karriären am ëffentleche Secteur besser harmoniséieren, mee de Problem wier net, datt Staatsbeamten ze vill verdéngen. "Déi Leit am Privatsecteur verdéngen net genuch", esou de fréiere Minister vun der Fonction publique. Fir hien ass kloer: nëmme mat méi héije Paien am Privatsecteur kéint déi sozial Kohäsioun erhale bleiwen. Et dierft een déi Froestellung allerdéngs net ze vill iwwerspëtzen, soss géing d'Gesellschaft just gedeelt ginn.
Zum Schluss huet den Dan Kersch sech optimistesch iwwer d'Entwécklung vun der LSAP gewisen. Dass d'Paulette Lenert géing an de Staatsrot wiesselen, wier net d'Enn vun hirer politescher Karriär. Hie selwer wier de Beweis dofir, well den Dan Kersch deemools direkt vum Staatsrot an d'Regierung komm ass.
Mat den neie Parteipresidente Georges Engel a Maxime Miltgen an enger jonker Fraktioun kéint d'Partei eng kredibel Alternativ zur aktueller Regierungspolitik ausschaffen. D'Leit hätten och an Tëschenzäit gemierkt, dass "et net esou domm war, dass d'Sozialisten an der Regierung waren, well all déi Saachen, déi elo kommen, all déi Grausamkeeten, déi elo um Programm stinn, déi hunn d' Sozialisten an der Regierung verhënnert."
En Dënschdeg de Moie war ënnert anerem den État de la Nation Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.