Dag vun der Lëtzebuerger SproochIwwer 60 Eventer a grouss Bedeelegung op der zweeter Editioun

Sarah Cames
Am Kader vum "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch" ginn iwwer 70 Evenementer ugebueden - vu Liesungen, iwwer Ausstellungen an souguer Quiz-Rallyen.

E Samschdeg goung den "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch", deen dat Lëtzebuergescht an enge sëllegen Eventer uechter d'Land zelebréiert, a seng zweet Editioun. Um Programm stoungen iwwer 60 verschidden Optioune mat ënnert anerem Workshops, Ausstellungen, Concerten, Liesungen, Quizzen a Filmpremièren. Souguer zu Okinawa a Japan, wou aktuell ee linguistesche Projet Schoulkanner déi Lëtzebuerger Sprooch a Kultur méi no bréngt, gouf et dëst Joer en Event fir den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Besonnesch ervirzehiewen, war och de "LëtzCamp" am Stater INLL. An dësem Forum krut een d'Geleeënheet, mat eegenen Iddien a Proposen zu der Zukunft vun der Lëtzebuerger Sprooch bäizedroen - an dat ganz konkret. Um LëtzCamp sollt etabléiert ginn, "wou eis Sprooch steet, wat d'Chancen a wat d'Defie sinn, a wou nach en Hiewel ugesat sollt ginn", war an der Beschreiwung vun der Veranstaltung ze liesen.

E Kaweechelchen huet d'Leit duerch den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch begleet. Als Maskottche gouf d'Déierchen ausgewielt, well et - nieft Wierder wéi "Seejomes" a "Gromperekichelcher" - eent vun de beléiftste Wierder bei de Leit ass, déi d'Sprooch nei léieren. Ee klenge Clin d'oeil un déi international Communautéit war dann och de Slogan "Dat ass ...", dee sech relativ ënnerschiddlech liest, deemno op een e Lëtzebuergeschen oder een Engleschen Hannergrond huet.

Organiséiert gouf den Dag vum Kulturministère an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an en ass Deel vum Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Dee wëll dat Lëtzebuergescht net nëmme méi visibel maachen, ma der Sprooch och ee méi formelle Kader ginn an d'Léiere vum Lëtzebuergesche fërderen. Och déi Lëtzebuergesch Kultur soll am nämmlechten Otemzuch promouvéiert ginn.

De ganze Programm am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch fannt Dir hei.

Schreiwes vum Kulturministère

Iwwer 60 Aktivitéiten a grouss Bedeelegung vum Public fir déi zweet Editioun vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch (26.09.2026)
Communiqué par : ministère de la Culture
 

Am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch stoungen d’Lëtzebuerger Sprooch souwéi och d’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg de 26. September fir d’zweete Kéier am Mëttelpunkt. Uechter d’Land goufen iwwer 60 Aktivitéiten organiséiert, déi engem breede Public d’Geleeënheet gebueden hunn, d’Lëtzebuerger Sprooch ze entdecken, ze léieren an aktiv iwwer hir Zukunft matzediskutéieren.

Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch ass eng Initiativ vum Kulturministère a setzt d’Mesür 38 vum Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch ëm, déi ënner anerem d’Promotioun an d’Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch ustrieft. Mat der erfollegräicher zweeter Editioun etabléiert sech den Dag ëmmer méi zu engem feste Rendez-vous am Lëtzebuerger Kalenner.

„Eng Sprooch lieft nëmmen, wa Leit se schwätzen“, esou de Kulturminister Eric Thill. „Deemno geet et beim Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch net nëmmen dorëms, eis Sprooch ze thematiséieren, mee dorëms, se ze liewen: an der Famill, an der Schoul, op der Aarbecht, an de Veräiner, an der Kultur, also am Alldag. Gläichzäiteg weist den Dag, datt souwuel d’Lëtzebuerger Sprooch ewéi och eis sproochlech Villfalt zu deem gehéieren, wat Lëtzebuerg ausmécht.“

Nom Succès vun der éischter Editioun 2025 sinn dëst Joer vill Gemengen, Veräiner, Associatiounen, Schoulen, kulturell Institutiounen an aner Acteuren dem Opruff vum Kulturministère nokomm an hu mat verschiddenen Aktivitéiten um Dag deelgeholl. Esou konnt en ofwiesslungsräichen an dezentraliséierte Programm uechter d’Land ugebuede ginn, mat Aktivitéiten aus de Beräicher Kultur, Musek, Literatur, Film a Bildung. Konferenzen, Crash-Coursen, Theater- a Filmworkshoppen, Spiller, Atelieren, Concerten, Sproochecaféen, Ausstellungen, Publikatiounen a Podcasten hunn ënnerschiddlech Méiglechkeete gebueden, fir d’Lëtzebuerger Sprooch aktiv ze erliewen, se ze léieren oder eppes iwwer se gewuer ze ginn.

Um LëtzCamp am INLL an der Stad konnten all interesséiert Biergerinnen a Bierger hir Iddien, Erfarungen a Propositioune fir d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Sprooch abréngen. D’Diskussioune fléisse mat an d’Konzeptioun vum nächsten Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch an.

All Informatiounen iwwer den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch sinn op dag.letzebuergesch.lu ze fannen.

Test Äert Lëtzebuergescht an eisem Quiz!

Wann Dir op dëser Plaz kee Quiz gesitt, da läit dat warscheinlech dorunner, datt Dir Är Cookies net acceptéiert hutt.

Back to Top
CIM LOGO