
Dat sot hien, nodeems d'Membere vun de parlamentaresche Kommissioune fir Finanzen a Budget, fir Aarbecht a Beschäftegung a fir d'Ekonomie zesumme waren.
D'lescht Woch war jo annoncéiert ginn, datt den däitsche Grupp SMS och déi 40,8 Prozent iwwerhëlt, déi Lëtzebuerg nach am Traditiounsbetrib hat. Déi Parte ware verdeelt op de Staat, op d'Spuerkeess an op d'SNCI. Mat 18,84 Prozent hat si dee gréissten Deel an de Laurent Mosar a seng Partei hätte sech gewënscht, datt de Staat iwwert si géif am Betrib vertruede bleiwen.
"Leider Gottes huet de Minister Franz Fayot eis gesot, wier dat net méiglech gewiescht. Dat bedauere mir, a wéi gesot, mir hätte léiwer gehat Paul Wurth hätt awer och nach eng kleng Lëtzebuergesch Presenz, och am Aktionariat gehat."
De Grupp SMS, deen 2014 d'Parte vun Arcelor a Luxempart kaaft hat an zënterhier mat 59,2 Prozent majoritär war, wollt dat awer net, confirméiert de Wirtschaftsminister Franz Fayot an erënnert drun, datt net Lëtzebuerg Demandeur war, fir déi Parten ze verkafen, mä datt SMS virun zwee Joer un de Staat erugetratt ass.
"Do war eng industriell Logik hannendrun an et war kee Wëlle bei SMS, fir weiderhin nach ee vun de staatlechen Aktionären dobäi ze hunn. Wéi gesot, dat war eng Optik an eng Strategie vu kompletter Integratioun vu Paul Wurth am Kader vum Grupp SMS."
Tëschent dem Staat an SMS gëtt et awer en Accord an deem jo zum Beispill festgehalen ass, datt keng Aarbechtsplazen ofgebaut ginn, datt Paul Wurth en neie Siège zu Lëtzebuerg baut an datt de Staat weider am Verwaltungsrot vu Paul Wurth vertruede bleift.
Fir déi gréissten Oppositiounspartei sinn dat éischter gutt Nouvellen, seet de Laurent Mosar, och wann ee bei him nach eng gewësse Skepsis eraushéiert.
"Mir hoffen allerdéngs, datt elo deen Aktionär, deen dann elo ganz eleng d'Soen an der Gesellschaft huet, datt deen och déi Engagementer do respektéiert an datt Paul Wurth weider zu Lëtzebuerg aktiv ass. "
Fir en Industriestanduert wéi Lëtzebuerg wier et wichteg, datt d'Firma, déi ganz besonnesch staark an der Entwécklung vum grénge Stol ass, weider am Land present ass.