Covid-Kontrolle vun der PoliceCovidCheck: 100 Kontrollen - Verstéiss a 4 Etablissementer
An der Woch vum 22. op den 28. November huet d'Police am Ganze ronn 100 Kontrolle gemaach, fir ze kucken, ob sech un d'Corona-Mesurë gehale gëtt.
Gréisstendeels huet een hei gekuckt, ob sech un de CovidCheck gehale gouf. Zu Munneref an zu Diddeleng goufen a 4 Etablissementer aus dem Horeca-Secteur Verstéiss notéiert.