47. KalennerwochCovid-Réckstänn an de Kläranlage sinn héich
RTL Lëtzebuerg
Et ass weider vill Coronavirus am Ofwaasser ze fannen, dat geet aus de leschten Analyse vum List ervir. Prouwen aus 13 Kläranlage goufen ënnersicht.
Update: 26.11.2021 12:01
Par rapport zu leschter Woch gouf et eng liicht Hausse. D'Virus-Konzentratioun ass änlech héich wéi am Dezember 2020. Am grousse Ganze gouf bannent de leschte Wochen a Méint en Trend no uewe festgestallt, steet am Rapport vum List ze liesen.