PoliceCovid-Kontrollen: Ronn 120 Verstéiss bei ongeféier 300 Kontrollen

RTL Lëtzebuerg
Bannent der leschter Woch goufen am ganze Land ronn 300 Covid-Kontrolle vun der Police gemaach.

70 Prozent vun dëse Kontrolle waren op d'Ausgangsspär zeréckzeféieren. An 20 Fäll gouf e Protokoll geschriwwe wéinst dem Net-Anhale vun de sanitäre Reegelen, ënnert anerem wéinst Verstéiss vu Mannerjäregen an Zesummenhang mat gréissere Rassemblementer an och Lokaler, déi sech net un d'Reegele gehalen hunn.

Ronn 120 Persounen goufe bannent der leschter Woch protokolléiert, dovu ronn 70 Prozent, well si sech net un d'Ausgangsspär gehalen hunn.

Back to Top
CIM LOGO