
Eng nei Well, déi besonnesch duerch déi méi ustiechend brittesch Variant ugedriwwe gëtt, déi antëscht 57% vun den Infektiounen ausmécht. D'Task Force geet den Ament dovunner aus, datt dës Variant 39% méi ustiechend ass, gerechent op Basis vun deenen Donnéeën, déi een haut huet, déi nach net komplett representativ sinn, mat Ausnam vun der leschter Woch.
Obwuel d'Schoulen zou waren, hätt d'Zuel vun den Neiinfektiounen zougeholl. Dës Woch louche mer bei enger 7-Dages-Moyenne vu bal 200 Fäll den Dag. Trotz der Vakanz wiere mer weider an enger volatiller Situatioun. De Reproduktiounstaux louch stabel ëm déi 1% an d'Projektioune géifen, am Verglach vun der Woch virdrun, en éischter pessimisteschen Trend viraussoen.
D'Covid-19-Task-Force bleift derbäi, datt grad elo de Respekt vun de Gestes barrières essentiell ass, fir d'Well ze briechen an net an eng Situatioun ze kommen, an där mir bis Mee op e Peak vu 500 Fäll den Dag kéimen.
