Covid-PandemieCovid-19-Task Force schafft nees méi am Hannergrond

Pierre Jans
Quasi iwwerall op der Welt war et dat selwecht: duerch d'Pandemie sinn d'Wëssenschaftler an de Virdergrond geréckelt.
Covid-19-Task Force schafft nees méi am Hannergrond
Quasi iwwerall op der Welt war et dat selwecht: duerch d'Pandemie sinn d'Wëssenschaftler an de Virdergrond geréckelt.

Op eemol haten si eng medial Presenz ewéi nach ni virdrun. Dat goung och de Chercheure vun der Covid-19 Task Force hei zu Lëtzebuerg esou. Ma et mierkt een: si sinn am Gaangen sech zeréck ze zéien. Hei an do gouf déi lescht Woch an der Presse gemunkelt, d'Regierung hätt sech e bësse vun de Wëssenschaftler vun der Covid-19 Task Force distanzéiert. Mä deem wär net esou...

Am August goufen d'Resultater vun der éischter Analys iwwer de Covid an de Schoule presentéiert. Enger Analysen ënnert der Leedung vum Professer Wilmes vun der Covid19-Taskforce.

Covid-19-Task-Force/Reportage Pierre Jans

Mëtt November war nees eng Pressekonferenz iwwer d'Situatioun an de Schoulen. Dës Kéier awer ouni externe Wëssenschaftler. De Ministère huet net méi op d'Expertise vun der Task Force zeréckgegraff. Firwat? D'Begrënnung vum Minister Claude Meisch ass banal: ''am Summer hat och jidderee vill méi Zäit. Esouwuel d'Santé ewéi och d'Wëssenschaftler vun der Task Force. Déi lescht Woche war dat aneschters. Dunn hu mir dat op Basis vun de Chiffere vun der Santé hei am Haus gemaach. Ech muss awer och do eng Kéier soen, dass dat Beamte sinn, déi net nëmme fir de Minister Claude Meisch schaffen. Dat si Beamten déi fir de Lëtzebuerger Staat a fir jiddereen hei am Land schaffen. Déi maachen dat esou gutt ewéi si kënnen.''

Awer och ouni wëssenschaftlechen Usproch. An déi déi deen Usproch hunn, wëllen och näischt vun engem Broch mam Ministère wëssen. De Prof. Dr. Paul Wilmes vun der Covid-19 Task Force: ''Ech géif net soen, dass mir do e Réckzoch gemaach hunn. Am Contraire. Mir sinn am Gaangen, d'Situatioun an alle Gesellschaftsberäicher ze suivéieren. Mir hunn elo déi Publikatioun iwwer d'Situatioun am Bezuch op d'Phase 1 vum Large Scale Testing eis ugekuckt, wou mir eis natierlech verschidde Secteuren och méi spezifesch ugekuckt hunn, wou et zum Beispill eng méi héich Prevalenz gouf. Do ass d'Schoul net opgefall.''

Dat stäipt dem Ministère seng Analys. Eng Zesummenaarbecht bei enger Etüd iwwer den Zäitraum Schoulrentrée bis Chrëschtvakanz schéngt schonn ofgemaach ze sinn.

Pressekonferenzen, Optrëtter op der Tëlee an um Radio, kuerz nodeems éischt Resultater vun Etüde virlouchen. Eng Manéier déi am Fong net an der wëssenschaftlecher Natur läit. U sech brauche Chercheuren Zäit fir ze analyséieren, z'iwwerdenken, sech géigesäiteg ze iwwerpréiwen a Feeler ze verbesseren. Den Ulf Nehrbass erkläert: ''An der Pandemie war déi Zäit an der Urgence net do. Mir konnten de Prozess net duerchlafen. Mir hunn direkt mat der Politik an der Ëffentlechkeet geschwat. Dat war eng Ausnam. Ech mengen, dass déi Ausnam den Ament net méi ginn ass.''

De Claude Meisch gëtt och zou: ''Déi Analysen déi vun der Taskforce komm sinn, ware sécherlech eng wichteg Orientatioun. Ech mengen awer och, dass et d'Politiker sinn, déi um Enn mussen d'Decisiounen huelen, fir ofzeweien.''

Ma d'Fuerschung bleift um Ball, Ulf Nehrbass: Aus wëssenschaftlecher Siicht si mir ganz am Ufank. Awer wat d'Noutsituatioun betrëfft, ech mengen do versti mir vill méi. Dat ass en Ofschnëtt deen hannert eis läit. Ech gesinn och, wat d'Pandemie allgemeng betrëfft, Liicht um Enn vum Tunnel.''

D'Annonce vu wierksame Vaccine stëmmt de Professer positiv, dass d'Pandemie am Summer eriwwer ass.

[c]

Back to Top
CIM LOGO