9. bis 15. NovemberCorona-Situatioun a Schoulen huet sech kaum verännert

RTL Lëtzebuerg
Den Educatiounsministère huet e Mëttwoch d'Zuele vun infizéierte Schüler a Proffen am Zäitraum vum 9. bis de 15. November verëffentlecht.

Am Zäitraum tëscht dem 9. an dem 15. November goufe keng nei Infektiounsketten (Zenario 4) festgestallt, weder am Fondamental nach am Secondaire. Am Géigesaz zu anere Secteuren (Klinicken, Maisons des soins oder am Beräich vun der Fräizäit), wou et Infektiounskette gouf, bleift d'Situatioun an de Schoulen deemno ënnert Kontroll, dat schreift den Educatiounsministère an engem Schreiwes e Mëttwoch den Owend.

Wéi et am Schreiwes heescht, géif et den Ament awer méiglech potentiell Fäll am Zenario 4 an der Woch vum 16. November am Fondamental zu Steesel ginn. Ob dat wierklech de Fall ass, gëtt aktuell nach analyséiert.

116 positiv Fäll gouf et vum sougenannten Zenario 2, also wou et an enger Klass e Maximum vun 2 positive Fäll gouf a wou d'Source vun der Infektioun onsécher ass an deemno et och net sécher ass, ob si sech ausserhalb vun der Klass ugestach hunn oder net.

Da goufen et am Ganzen an der Woch 579 positiv Corona-Fäll, wou et sécher ass, dass d'Schüler sech ausserhalb vun der Schoul infizéiert hunn.

24 positiv Fäll gouf et dann nach am Zenario 3.

PDF: Schreiwes vum Educatiounsministère

Back to Top
CIM LOGO