
Well et sécherlech net wäerten déi lescht Restriktioune virun engem kompletten Deconfinement sinn, gëtt och de Congé pour raisons familiales verlängert, an zwar bis samschdes, de 17. Juli. Wann also d'Schoulvakanz am Summer ufänkt.
U sech wieren d'aktuell Dispositioune vun dësem Spezial-Congé den 3. Abrëll ofgelaf.
De Congé gëllt fir Elteren, déi e Kand hunn, dat als "ufälleg" gëllt an dofir och en Zertifikat huet, respektiv fir Kanner, déi a Schoulen, Accueilstrukturen oder Klassen sinn, déi wéinst der Pandemie zougemaach goufen.
Rapporter vum entspriechende Gesetzesprojet, dat och d'nächst Woch am Cercle gestëmmt gëtt, ass den LSAP-Deputéierte Georges Engel.