ChamberCNS kritt virgestreckte Sue fir ë.a. Congé pour raisons familiales rembourséiert

RTL Lëtzebuerg
An der Chamber ass mat der Unanimitéit e projet de loi ugeholl ginn, mat deem de Staat der Gesondheetskeess iwwer 380 Milliounen € rembourséiert.

D'CNS hat déi Suen an der Coronakris virgestreckt, fir beispillsweis de Congé pour raisons familiales.
Do war mat Käschte vu 400 Milliounen Euro gerechent ginn. Éischte Rechnungen no, hätt déi Mesure effektiv 250 Millioune kascht.

Derbäi kommen 149 Milliounen, well den Transfert vun der Mutualitéits-Laascht bei d'Assurance maladie-maternité gemaach gouf. D'CNS huet also d'Käschten an engem Krankheetsfall ganz iwwerholl, fir d'Betriber wärend dem éischte Lockdown ze entlaaschten.

Back to Top
CIM LOGO