
E Foussgänger ass hei ugestouss a blesséiert ginn. De Chauffer ass duerno weidergefuer, ouni sech ëm d’Affer ze këmmeren. De Foussgänger gouf op der Plaz versuergt a koum duerno an d’Spidol.
De Chauffer gouf schliisslech am Kader vun enger Enquête ermëttelt. D’Gefier gouf op Uerder vum Parquet saiséiert, d’Spueresécherung gouf mat der Enquête befaasst an et gouf e Protokoll ausgestallt.
Géint 3 Auer e Méindeg de Moie gouf dann e Mann gemellt, deen an der Stad an e Gefier agebrach wier. Am Kader vun enger Enquête gouf eng verdächteg Persoun an der Avenue de la Liberté gestallt. Am Kader vun der weideren Ermëttlungen huet sech de Verdacht géint de Mann verstäerkt, esou dass dëse schliisslech op Uerder vum Parquet festgeholl gouf a virun en Untersuchungsriichter koum.