Gedronk a géint Ausgangsspär verstoussChauffer krut um 2 Auer an der Nuecht de Permis ofgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, ass eng Patrull géint 2 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch an der Stad op en Automobilist opmierksam ginn.
© RTL Archivbild

De Mann, deen an der Rue de Hollerich a Richtung Salzhaff ënnerwee war, gouf gestoppt a kontrolléiert. Hien hat ze vill gedronk a krut doropshin e Protokoll. Och de Permis gouf agezunn.

E weidere Protokoll gouf et, well hie sech net un d'Ausgangsspär gehalen hat.

Back to Top
CIM LOGO