Sich mat Hënn an HelikopterChauffer bei Drogekontroll geflücht, Polizisten hu missen op d'Säit sprangen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet eng Policepatrull am Raum Esch probéiert, en Auto mat zwee Leit ze kontrolléieren.
Polizisten hu bei enger Kontroll mussen op d'Säit sprangen
© RTL Archiv

Well aus dem Auto ee staarke Cannabisgeroch koum, hunn d'Beamten een Drogeschnelltest gemaach - deen dann och positiv war. Am Kader vun der Kontroll hunn d'Beamten och e puer Gramm Drogen am Auto fonnt.

Nach wärend d'Polizisten den Auto an d'Leit dra kontrolléiert hunn, ass et awer bemol geféierlech ginn. De Chauffer ass ouni Virwarnung op de Gas gesprongen an huet d'Flucht ergraff. Zwee Beamten hu missen op d'Säit sprangen, fir net vum Auto gepaakt ze ginn, heescht et am Policebulletin.

Et gouf direkt eng Sich an d'Weeër geleet. Am Asaz ware Patrulle vun der Verkéierspolice, vun der Hondsstaffel an och ee Policehelikopter. An engem éischte Moment konnt de Chauffer awer effektiv dervu kommen.

D'Polizisten hunn net wäit vun der Plaz, wou kontrolléiert gouf, zwar net de flüchtege Chauffer fonnt, ma dofir eng Täsch mat ronn 25 Gramm Haschisch an enger gréisserer Zomm u Boergeld. De Chauffer ass de Beamte méi spéit dunn awer nach an d'Netz gaangen - hie war antëscht zu Fouss ënnerwee. De Bäifuerer gouf kuerz Zäit drop och fonnt.

Den Auto, an deem déi zwee ënnerwee gewiescht waren, gouf saiséiert an de Chauffer krut ee provisorescht Fuerverbuet. Et gëtt elo weider ermëttelt an et gouf ee Protokoll erstallt.

Een änleche Virfall - just ouni Fluchtversuch - hat et iwweregens scho géint 19 Auer ginn, wou Polizisten am Kader vun enger Verkéierskontroll ee Chauffer an der Marbuergerstroos zu Maarnech gestoppt haten. Och hei war de Beamten ee staarke Cannabis-Geroch aus dem Auto entgéintkomm. D'Beamten haten eng kleng Quantitéit Haschisch fonnt, déi du saiséiert gouf. D'Saach gouf zu Protokoll geholl.

Back to Top
CIM LOGO