Am Nationale Resistenzmusée zu Esch ass nach bis Enn des Joers d'Expo "Women in War" vun der Krichsfotografin Lynsey Addario ze gesinn. Dofir war d'Historikerin a Museumspedagogin Charlotte Pinon e Freideg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Si huet erkläert, dass d'Lynsey Addario zanter méi wéi 25 Joer Konflikter a méi wéi 80 Länner dokumentéiert. Am Mëttelpunkt stinn net nëmmen déi militäresch Aspekter vum Krich, mee virun allem och d'Konsequenze fir Fraen a Kanner. Ze gesi si Fotoen aus Afghanistan an der Ukrain, vu Kämpferinnen, Flüchtlingen, Affer vu sexueller Gewalt an och Fraen, déi ënner extrem geféierleche Konditioune Mamm ginn. E weidere Schwéierpunkt ass de Krich am Sudan.
D'Missioun hannert der Ausstellung wier et, Geschichten ze dokumentéieren an ze vermëttelen, déi soss kaum gesinn oder gehéiert géife ginn. Besonnesch d'Liewe vu Fraen a Kanner a Krichsgebidder soll siichtbar gemaach ginn. Gläichzäiteg soll op Mënscherechtsverletzungen opmierksam gemaach ginn.
D'Expo setzt sech och mat der Fro auserneen, wéi ee schwéier an emotional Biller un e jonke Public vermëttele kann. Fir kleng Kanner ass d'Ausstellung éischter net recommandéiert, erkläert d'Museumspedagogin. Mee fir Jonker vun ongeféier 12 Joer u kann d'Ausstellung e gudden Ulass sinn, fir iwwer Krich, Gewalt an d'Weltpolitik ze schwätzen "[...] fir einfach an d'Gespréich ze kommen, fir si iwwer Saachen opzeklären. Wat einfach an der Welt esou lass ass. A mir hunn dozou och Iddien entwéckelt, Atelieren an och ee pedagogescht Handbuch, wou mer wierklech och déi Theemen op méi einfacher Sprooch erklären."
De Bléck vun enger Fra op de Krich kann och aner Perspektiven erméiglechen, erkläert d'Charlotte Pinon. "Also grad am Beräich vu Krichsjournalismus a Krichsfotografie si Frae wierklech an der Minoritéit an dat huet Nodeeler." Dat kann dozou féieren, datt si a bestëmmte Situatioune manner Accès kréien. Anerersäits kann hir Präsens awer och Zougang zu Beräicher erméiglechen, déi männlech Fotografen net hätten. Zum Beispill bei Fraen am Afghanistan "a si huet do Biller konnte maachen, déi ee Mann esou natierlech net hätt kéinte maache vu Fraen, déi eeben net ganz verschleiert sinn, déi hiert Gesiicht weisen, wat jo esou u sech absolutt verbueden ass an Afghanistan."
Fir d'Charlotte Pinon hu Fotoen eng staark emotional Wierkung. Biller vu Leed, Verdreiwung an Doud kënnen hëllefen, historesch Evenementer besser ze verstoen a sech méi an d'Situatioun vun de Betraffenen eranzeversetzen. Dat wier wichteg fir d'Aarbecht vum Resistenzmusée an d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich.
De Musée schafft vill mat Schoulklassen a stellt fest, dass vill Jonker nach ëmmer e groussen Interessi un der Geschicht hunn. "Et sinn der och, déi sech natierlech guer net interesséieren. Bon, dat ass natierlech ganz kloer. Awer ech géif soen, am Allgemengen ass den Interessi grouss."
Gläichzäiteg sinn déi sozial Medien eng ëmmer méi grouss Erausfuerderung, well déi Jonk sech virop do informéieren. "An do kurséiere wierklech déi aller grujelegste Saachen iwwert den Zweete Weltkrich. Mat Fake-Profiller oder fake historesche Perséinlechkeeten, déi do iergendeppes erzielen, wat einfach vu vir bis hanne guer net stëmmt." Do misst ee wierklech drop opmierksam maachen an de Resistenzmusée zu Esch wëll deem mat Quellen, Originaldokumenter an Objeten entgéintwierken.
Dass et nees Krich um europäesche Kontinent gëtt, beaflosst och d'Froen, déi Visiteuren an de Musée matbréngen. Do géinge sech ganz nei Ängschten entwéckelen, erkläert d'Historikerin. D'Aufgab vum Musée ass dofir net nëmmen, d'Vergaangenheet ze erklären, mee och e Lien zur Aktualitéit ze maachen. D'Geschicht géing sech zwar net 1:1 widderhuelen, mee verschidde Mechanisme kënne sech widderhuelen an déi ze erkennen an dogéint ze wierken, dat wier een Deel vun hirer Missioun, sou d'Charlotte Pinon.
E Freideg de Moie war d'Expo "Women in War" Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.