
En Dënschdeg gouf de Gesetzesprojet an der Santé-Chamberkommissioun diskutéiert, an där vun der Oppositioun op eng eventuell Inkoherenz am Text higewise gouf, wëll nämlech z.B. Reesagencen, Banken, Coifferen, Schéinheetssalonen an Optiker net als Verkafsfläch ugesi ginn.
D'Santésministesch Paulette Lenert huet dës konstruktiv Remark matgedroen a se un de Staatsrot weiderginn, fir datt evitéiert gëtt, datt op dësem Punkt d'Gesetz muss verbessert ginn an den Avis vum Staatsrot géif retardéiert ginn - een Avis, dee en Donneschdeg soll den Deputéierten aus der Kommissioun virleien.
Gefaart gëtt, datt sech duerch d'textuell Inkoherenz d'Mesurë vun engem Client op 10 Metercarré net géif applizéieren. Am Fall wou e Buttek manner wéi 20 Metercarré Verkafsfläch huet, dierfen och maximal nëmmen 2 Clienten zesummen zerwéiert ginn.
Wat d'Zeréckkommen aus de Vakanzen ugeet, huet d'Paulette Lenert nach emol virun den Deputéierte preziséiert, datt et fir keng Vacancieren, déi Heem kommen, en obligatoreschen Test oder eng Quarantän gëtt. Iwwerdeems géifen awer d'Test-Capacitéiten opgestockt ginn, fir der grousser Demande entgéint ze kommen. Iwwer MyGuichet kënne sech d'Leit, déi aus der Vakanz zeréckkommen, dann och hir Rendez-vousen am Kader vum Large Scale Testing huelen, dës Funktioun ass lo nees aktivéiert.
Och dës Kéier ass den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo Rapporter vum Update vun de Covid-Restriktiounen, d'Plenière kënnt fréistens e Freideg am Cercle, respektiv um Weekend beieneen. D'Mesuren, déi gestëmmt ginn, inklusiv d'Zouloosse vun de Betriber, gëlle bis sonndes, den 31. Januar, Hallefnuecht.
Iwwerdeems ass et d'Prezisioun vum Direkter vun der Santé, dem Dr. Jean-Claude Schmit, datt enger Etüd vum Imperial College vu London no d'Symptomer vun der brittescher Souche vum Coronavirus net méi grav wieren, wéi déi, déi een ewell kennt.