Reprise op nationaler FinanzplazCBP Quilvest gëtt integral vu Fideuram Bank Luxembourg iwwerholl

RTL Lëtzebuerg
Allen 150 Mataarbechter vun der Compagnie de banque privée Quilvest sinn um Freidegmoien informéiert ginn, a wäerten integral iwwerholl ginn.

Et soll deemno kee Plazen-Ofbau geschéien.

Déi nei Entitéit wäert eng 9 Milliarden Euro ënner Gestioun hunn. Bis Fréijoer d'nächst Joer soll d'Repris ofgeschloss sinn.

CBP Quilvest ass haaptsächlech am „Wealth Management” aktiv, an ass eng lëtzebuergesch Bank, déi virun 10 Joer aus der Fusioun vum Grupp Quilvest an der CBP ervir goung.

De Marc Hoffmann ass de CEO, President vum Verwaltungsrot ass den Norbert Becker.

Intesa Sanpaolo ass de gréissten italienesche Bankegrupp, zielt bal 990.000 Clienten a gëtt weltwäit op der 27. Plaz gefouert.

PDF: Pressecommuniqué vu CBP Quilvest

Back to Top
CIM LOGO