Coronavirus a ChinaCargolux-Flich a Richtung China staark limitéiert, nächste Vol den 11. Februar

Jeannot Ries
Iwwerdeems gouf et bis elo nach keng Demande vun engem Lëtzebuerger, fir aus China rapatriéiert ze ginn.
Corona-Virus: Entwarnung fir Lëtzebuerg
De Mann, deen e Samschdeg am nationale Service fir infektiéis Krankheeten am CHL opgeholl gouf, huet sech net mam Corona-Virus ugestach.

Op Nofro hin, huet d‘Cargolux matgedeelt, dass d’Flich an Direktioun China den Ament staark reduzéiert sinn. Deen nächste Fluch ass fir den 11. Februar geplangt. D’Nofro wier den Ament ganz limitéiert, dat bedéngt duerch den Impakt vum Coronavirus op d’Wirtschaft.

Déi chinesesch Autoritéiten hunn de Congé ronderëm de Chineseschen Neijoerschdag verlängert. Eventuell Charterfliger mat Medezineschem Material, wéi e Sonndeg, kënnen awer all Moment geflunn kommen. Den Equipage deen e Sonndeg op Shanghai war, huet de Fliger net verlooss.

De Cargolux Management mécht den Ament eng nei Evaluatioun vun der Situatioun a kann dann eventuell weider Moossnamen decidéieren.

Lëtzebuerger Cargo-Vol bréngt medezinescht Material op d'Plaz

Dat krut RTL op Nofro hi vum Lëtzebuerger Ausseminister, Jean Asselborn, gesot. Den Ament liewe ronn 100 Lëtzebuerger a China, dobäi kënnt d’diplomatescht Personal mat Famill, dat wieren eng 50 Persounen.

E Sonndeg de Mëtteg ass iwwerdeems e Cargo-Vol op Shanghai geflunn, fir medezinescht Material op d’Plaz ze bréngen, esou nach de Jean Asselborn.

Zu Lëtzebuerg gëtt et bis ewell nach kee Fall vun enger Infektioun mam Coronavirus. E Samschdeg gouf et een éischte Verdachtsfall, mä de Gesondheetsministère hat nach den Dag selwer Entwarnung ginn, a matgedeelt, datt sech déi betraffe Persoun net mam Virus ugestach hätt.

E Fall, dee weist, wéi wichteg et ass, datt Leit, déi aus China zeréckkommen, responsabel reagéieren, sou bal se éischt Symptomer spieren: Houscht, Féiwer, Problemer beim Ootmen. Da soll ee sech bei der Inspection Sanitaire op der Telephonsnummer 247 - 85 650 oder beim 112 mellen.

Wat een net soll maachen ass, bei een Dokter goen a sech an eng Salle d’attente sëtzen, wou een aner Leit ustieche kann. Respektiv et soll een net spontan an eng Klinick goen, wou een och erëm de Risiko huet aner Leit unzestiechen.

Den Direkter vun der Santé, Dr. Jean-Claude Schmit, geet dervun aus, datt Lëtzebuerg och an nächster Zäit nach mat Verdachtsfäll, wéi deem vun e Samschdeg, confrontéiert wäert ginn.

Wéi ustiechend ass de Coronavirus?

Wann een houscht oder néitscht fléie kleng Goutteletten, déi sech awer net ganz wäit iwwerdroen. Do muss ee wierklech no bei enger Persoun stoen, manner wéi e Meter, datt een e Risiko huet, infizéiert ze ginn. Iergend ee flüchtege Kontakt, do huet een u sech kee Risiko.

Fir d'Leit ze informéieren, ginn och Informatiounsblieder a 4 Sproochen, virop um Flughafen, opgehaangen.

© RTL-Grafik

Um Sonndeg gouf et iwwerdeems deen éischten Doudesfall ausserhalb vu China. Op de Philippinnen ass eng Persoun um Coronavirus gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO