
Bei enger Kontroll zu Mäertert an der Nuecht op en Donneschdeg hat eng Patrull Cannabis aus engem Auto geroch. Wéi sech erausgestallt huet, hate béid Passagéier Droge bei sech. Donieft goufen Handyen an e Klappmesser séchergestallt. De Parquet huet ordonéiert, d’Drogen an d’Objeten ze saiséiere grad ewéi den Auto.
E Mëttwoch am Nomëtteg hat en alkoholiséierte Mann probéiert an der Rue Alphonse Weicker um Kierchbierg, Géigestänn ze klauen. D’Beamte konnten de Mann nach op der Plaz untreffen. Well hien ze vill gedronk hat an d’Leit gestéiert huet, huet hie missen d’Nuecht am Arrest verbréngen.
De selwechten Dag hat sech e Mann op der Gare zu Ettelbréck de Batti gestallt. Well och hien däitlech ze vill gedronk hat an eng Gefor fir sech an anerer war, huet hie missen um Policebüro schlofen.