Gläichzäiteg gëtt domat versicht, fir de Risiko, fir sech unzestiechen, fir aner Patienten ze minimaliséieren. Am Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch goufen dofir nei Mesuren agefouert an och Better bäigesat.
Wou soss Iessen zerwéiert gouf, ginn et elo nei Better. D'Cafeteria vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch gouf geraumt. Op 600 Quadratmeter sinn et elo 28 nei Better - mat der Méiglechkeet, dës u Sauerstoff an Elektresch unzeschléissen, a prett fir de Fall, datt eng 5. Intensivstatioun gebrauch gëtt.
Georges Mischo,President Conseil d'Administration CHEM: „Hei kënne mer elo am Haus selwer déi 2 Stréimungen (Covid-positiv a Covid-negativ) komplett vuneneen trennen, esou datt kee sech ka kräizen oder matenee kann a Kontakt kommen. Mir brauche keen Zelt oder mobil Struktur opzeriichten. Alles am Haus selwer, souguer Lifter, si getrennt.“
Den Ament sinn eng 57 Better am Centre Hospitalier mat Covid-19-Patiente besat, 14 dovu leien op der Intensivstatioun. Dobäi sinn ënnert anerem 5 Fransousen, déi aus dem Grand-Est evakuéiert goufen.
D'Situatioun an de Spideeler zu Lëtzebuerg wier roueg par Rapport zum Ausland. Ma d'Preparatioune lafe weider op Héichtouren, sou de Serge Haag, Directeur des Soins am CHEM.
Serge Haag: „Et däerf een net aus den Ae verléieren, datt all déi Leit, déi an der REA leien, och nees eng Kéier erauskommen. Wann déi an der Moyenne 20 Deeg am Spidol leien, an et huet ee 15 Leit an der REA, da ka sech jidderee selwer ausrechnen, datt sech bemol ganz vill Leit usammelen.“
Den Ament schafft och just e Brochdeel vum Personal, fir frëscht Personal an den nächste Woche garantéieren ze kënnen.
Serge Haag: „Den Ament sinn der méi Doheem, ewéi am Normalfall. Dat ass fir wann de Besoin eropgeet, an dee wäert eropgoen. Da wäerten d'Leit, déi vun der REA op d'Stäck kommen, méi Personal brauchen. An eleng schonn d'reegelméisseg Aus- an Undoe vun de Kostümer hëlt ganz vill Zäit an.“
Virun Allem wéinst dem gudde Wieder kéint et sinn, datt an den nächsten Deeg a Wochen nees méi Leit en Charge geholl musse ginn. Et wier beonrouegend ze gesinn, wéi vill Leit de leschte Weekend a Gruppéierungen dobaussen ënnerwee waren, heescht et aus dem Centre Hospitalier zu Esch.
