ChamberBudget 2020 mat 31 géint 29 Stëmmen ugeholl

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg gouf um Krautmaart iwwert de Budget ofgestëmmt. E Budget, dee jo e Mëttwoch vun der Oppositioun staark kritiséiert gouf.

No der Presentatioun vum Budget en Dënschdeg vum Rapporter Yves Cruchten an den Debatten e Mëttwoch um Krautmaart, gouf en Donneschdeg de Moie fréi de Budget fir dat nächste Joer vun der Chamber guttgeheescht.

31 Deputéiert vun de Majoritéitsparteien hu fir de Budget gestëmmt. 29 waren dogéint. Beim pluriannuelle Budget fir d'Period 2019-2023 huet d'Situatioun d'selwecht ausgesinn. Och dee gouf mat 31 Jo-Stëmmen an 29 Nee-Stëmmen ugeholl. Iwwerhaapt war et en Donneschdeg de Moien eng Seance, déi ganz am Zeeche vun de Finanze stoung. Zum Beispill gouf iwwert d'Steierpraktike geschwat, der ATAD, enger Direktiv, déi d'Steierflucht soll vermeiden.

Den Ufank huet um Donneschdeg de Moien d'Diane Adehm vun der CSV gemaach, déi de Compte général 2018 presentéiert huet. Dee gouf mat 60 Jo-Stëmmen ugeholl.

Direkt um Ufank vun der Chamber-Plenière um Donneschdeg huet de Fraktiounschef vun der LSAP an de President vun der Institutiounekommissioun, den Alex Bodry, eng Gesetzespropositioun deposéiert, fir d'Parteiefinanzéierungsgesetz an d'Walgesetz ofzeänneren.

Et hätt een nämlech zanter 2007 eng ganz Partie neie Phenomener wärend de Walen an de Walcampagnen notéiert. Lëschten, déi vun zwou Parteien zesummegesat ginn, privat Walcampagnen, déi net an de Parteiekonten zeréckzefanne wieren, etc.

Mat den Ofännerunge wéilt ee Parteie gläich behandelen, d'Dotatioune sollen iwwerschafft ginn, wann d'Parteien d'Konditiounen erfëllen. Zanter 2007 wier op deem Plang näischt méi geschitt, esou den Alex Bodry. Och bei den Done wéilt ee méi Transparenz schafen.

"Mir versichen eis zousätzlech Mëttel fir d'Donen ze ginn, déi strikt gereegelt sinn, fir déi nach besser an den Grëff ze kréien. All Kandidat ass da gehalen eng Deklaratioun op seng Éier ofzeginn, datt en d'Done richteg deklaréiert huet. Wann een esou eng Deklaratioun net ofgëtt, oder eng falsch ofgëtt, da kann een um penale Niveau ugesicht ginn."

RTL-Artikel: Budgetsdebatten: Eng "Radiographie" vun de Mesuren am LogementRTL-Artikel: Budgetsdebatten: Gast Gibéryen suergt fir déckt Gejäiz um Krautmaart

Resultater vun der COP25

"Same procedure as every year". Mat dëse Wierder huet de Marc Baum vun déi Lénk en Donneschdeg de Moie wärend der Aktualitéitsstonn an der Chamber, wou iwwert d’Resultater vun der COP25 rieds gaangen ass, d’Weltklimakonferenz resuméiert. An domadder war och scho bal alles gesot. Gescheitert, frustréiert, blockéieren, enttäuschend, nationalen Egoismus..., alles Aussoen, déi en Donneschdeg de Moie gefall sinn.

Fir Verschiddener heescht et, déi Länner z’iwwerzeegen, mat an d’Boot ze klammen, fir de Klima ze schützen. Fir Anerer duerf een awer net mam Fanger op d’Länner weisen, déi méi skeptesch sinn. Dës COP25 wäert net an d’Geschichtsbicher agoen, wéi déi vu Paräis, esou de Max Hahn vun der DP.

"Leider goufen op der COP zwar immens schéi Wierder gemaach, mä d’Realitéit ass schrecklech", huet op senger Säit den Oppositiounspolitiker Paul Galles gemengt. Elo kuckt een op d’COP26 zu Glasgow d’nächst Joer, do, wou dann den Accord soll a Kraaft trieden, mat Liewe ka gefëllt ginn.

Eis Enttäuschung soll an Aktioun an Ambitioun ëmgewandelt ginn, huet d’Carole Dieschbourg  no den Debatten ënnerstrach. Et dierft ee sech net vu Populisten, déi sech fir d’fossil Energië staark maachen, ënnerkréie loossen. D’USA wieren nach zu Paräis ee vun de grousse Verfechter vu méi Klimaschutz gewiescht, elo jo bekannterweis net méi.

Si sot schonn, datt si frustréiert wier, nodeems si vun der COP25 heem op Lëtzebuerg geflu koum, esou d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Net besser sollt et dem CSV-Politiker Paul Galles ergoen, dee mat enger Delegatioun op der COP25 present war, fir do un Diskussiounen ze participéieren an a Kontakt mat den anere Staate sollt kommen. Hie wier frustréiert, esou den Oppositiounspolitiker... Ee moert Resultat, dat wier bei der Weltklimakonferenz erauskomm. "Leider goufen op der COP25 zwar immens schéi Wierder gemaach, mä d’Realitéit ass schrecklech", esou de Paul Galles.

D’Organisatioun vun der Klimakonferenz wier keng einfach fir de Chile gewiescht. De Paul Galles schwätzt vun engem strategesche Feeler, den éischten Entworf vum Ofschlosstext wier vill ze spéit komm, an et wier net mat de klenge Partner geschwat ginn. Donieft géif hien et net novollzéie kënnen, datt zum Beispill d’Diskussiounen iwwert d’Emissiounsmarchéen nach emol no hanne verréckelt goufen. Kriticken, déi d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an hirer Reaktioun novollzéie konnt.

Fir d’DP huet de Max Hahn d’Wuert ergraff an huet do d’Fro vun der Ambitioun opgeworf. D’Enttäuschung wier grouss, net nëmme bei den Organisateuren an de Participanten, mä och bei de Jonken. Vun der Euphorie no der COP21 zu Paräis wier zu Madrid awer net vill ze spiere gewiescht. Verschidde Länner géife blockéieren. Lëtzebuerg kéint net eleng géint de Klimachangement kämpfen. Ma och wa Länner mat engem groussen Impakt op de Klima blockéieren, dierft ee sech net dovunner ënnerkréie loossen. Populisten dierft ee kee Gehéier ginn, huet hei d’Carole Dieschbourg geäntwert.

Dës COP wäert net an d’Geschichtsbicher agoen, wéi déi vu Paräis, esou de Max Hahn weider.

Positiv wier, datt Europa mat enger Stëmm op der COP25 geschwat hätt, eppes, wat net ëmmer de Fall wier. Dat huet och de Georges Engel vun der LSAP esou gesinn.

D’Wirtschafte mussen onofhängeg vu fossillen Energië etc ginn. D’Europäesch Unioun hätt och d’Moyennen, dës Transitioun ze packen, esou den LSAP-Politiker. Allerdéngs missten nei Standarden an der EU gesat ginn. Zum Beispill misst dofir gesuergt ginn, datt Apparater méi liicht solle kënne reparéiert ginn, fir datt manner elektronesch Apparater gebraucht an ausgewiesselt ginn. Et bréicht een och nei Contrainte fir Produzenten. Zum Beispill an der Liewensmëttelindustrie, wou Produiten net an x-Emballagen agepaakt sinn. D’EU-Virschrëfte sollen net nëmmen Produktsécherheet betreffen, mä och Recycling-Fäegkeet a Ressourcëverbrauch. Wann et der EU géif geléngen, bis 2030 klimaneutral ze ginn, d’Wirtschaft an deem Sënn z’adaptéieren, da kéint een anerer och dozou beweegen, dee Wee anzeschloen.

Zu Paräis an zu Kattowitz goufen et positiv Resultater, esou de François Benoy vun de Gréngen. Dat dierft een an der ganzer Diskussioun net vergiessen, och wann déi rezent Konferenz net vill bruecht huet. D’nächst Joer muss awer zu Glasgow geliwwert ginn. No 2015 wier dat déi essentiellste Konferenz, well do den Accord a Kraaft trëtt.

Europa ass net déi ganz Welt. Wann een déi aner wéilt mat op de Wee kréien, duerf ee keng Virwërf maachen, esou de Fernand Kartheiser. Et misst ee versichen, déi aner ze verstoen, firwat déi sech zum Beispill aus engem Accord zeréckzéien. Dofir dierft ee sech froen, ob esou eng Klimakonferenz de richtege Moyen ass. Déi wier zu enger Show ginn, esou den ADR Deputéierten.

Wann een d’Klimapolitik a Sozialpolitik net zesummen denkt, dann ass Klimapolitik net méiglech, huet de Marc Baum vun déi Lénk gemengt.

Fir d’Kuelelobby an déi, déi d'Klimachangement niéieren, war d’Weltklimakonferenz keen Echec. Dem Marc Goergen vun de Piraten no, goung et net ëm déi kleng Leit, mä et goung ëm déi grouss Entreprisen. Determinatioun géif feelen, fir de Klimaproblem unzegoen.

Eis Enttäuschung soll an Aktioun an Ambitioun ëmgewandelt ginn, huet d’Carole Dieschbourg en Donneschdeg de Moien no den Debatten ënnerstrach. Et dierft ee sech net vu Populisten ënnerkréie loossen, déi sech fir d’Fossil Energië staark maachen. D’USA wieren nach zu Paräis ee vun de grousse Verfechter vu méi Klimaschutz gewiescht, elo jo bekannterweis net méi.

Et wier wichteg, datt een déi nächst 10 Joer notzt, fir Klimaschutz ze maachen.  Europa hätt op der COP25 mat enger Stëmm geschwat, an hätt gewisen, datt et kredibel wier.

D'Riedner vun der Oppositioun haten de Budget awer an hiren Interventioune kritiséiert an och annoncéiert, en Donneschdeg dogéint ze stëmmen.

Um Mëttwoch goufen et awer och hëtzeg Debaten an der Chamber. De Gast Gibéryen an de Mars Di Bartolomeo krute sech nawell zolidd an d'Hoer. De Fernand Etgen huet déi zwee Deputéiert misse berouegen.

Back to Top
CIM LOGO